Eise wierkleche Problem an der Justiz sinn d'Delaien am Strofrecht
En Dënschdeg de Moie war de Lëtzebuerger Justizsystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De wierklech Problem an der Justiz sinn d’Delaien am Strofrecht. Dat sot den neie Procureur général d’État. De John Petry huet den 1. Februar d’Zigele vum Martine Solovieff iwwerholl a war eisen Invité vun der Redaktioun. Dat wier keng nei Situatioun. Zanter sech d’Bankeplaz sou staark entwéckelt huet, also zanter op d’mannst 30 Joer, hätt Lëtzebuerg méi eng sophistiquéiert Kriminalitéit. Vill Dossieren am Beräich Finanz- a Wirtschaftskriminalitéit kéinten net an engem raisonnabelen Delai oder souguer iwwerhaapt net traitéiert ginn. "Wat manifestement e Skandal ass" a wou een och net kéint domat zefridde sinn, bedauert de John Petry.
Hannergrond ass, dass den entspriechende Service bei der Police Judiciaire zwar kompetent, mee ënnerbesat wier. Do misst ee Schrëtt halen, mee dat wier fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg ganz schwéier. Hie geséich awer de politesche Wëllen, do eppes ze änneren, esou de John Petry.
Besser Remuneratioun a méi digitaliséieren
Engersäits hätten d’Ministere Kox (Henri Kox, fréiere grénge Policeminister, ndlr.) a Gloden grouss Efforte gemaach, fir Leit ze rekrutéieren. Dat wier och gelongen. Mee déi finanziell Attraktivitéit vun dem Service misst definitiv verbessert ginn. Donieft misst onbedéngt de ganze Strofprozess digitaliséiert ginn. Zanter 2019 géing d’Police hir Dossieren digitaliséieren. Dat soll bis 2025 ofgeschloss sinn. Do misst de Parquet onbedéngt matzéien. Dat kéint 5-10 Joer daueren.
Lëtzebuerger Justizsystem ass resilient vis-à-vis vun autokrateschen Tendenzen
Dat, wat mer aktuell international erliewen, ass äusserst beonrouegend, seet de Procureur général d’État. Länner wéi d’USA, déi wierklech d’Liichtfeier ware vun der liberaler Demokratie a vum Rechtsstaat géinge quasi an e puer Méint ëmschloen zu enger “kann e bal soen Autokratie”. Lëtzebuerg wier duerch d’Verfassungsreform vun 2023 gutt opgestallt, wat de Schutz vum Rechtsstaat ugeet. D’Justiz a besonnesch de Parquet wieren doduerch onofhängeg. D’Nominatioun vu Magistrate geschitt zum Beispill net méi duerch d’Regierung, mee duerch den nationale Justizrot. Sou dass een elo och viru politescher Aflossnam geschützt wier. Bis d’Verfassungsreform 2023 wier et och esou gewiescht, dass de Justizministère (also d’Exekutiv, ndlr.) d’Autoritéit hat, fir de Parquet z’iwwerwaachen oder fir individuell Poursuitten ze maachen. Dat wier elo net méi de Fall. Duerch d’Verfassungsreform wier déi liberal Demokratie hei am Land also méi widderstandsfäeg ginn, fënnt de John Petry.
Eng nei Cité Judiciaire?
D’Justiz brauch ëmmer méi Leit, deementspriechend platzt d’Cité Judiciaire um Hellesch-Geescht-Plateau aus allen Néit. Schonn 2008, wéi d’Gebai opgaangen ass, wier et ze kleng gewiescht. Am Laf vun der Zäit hätt een ëmmer méi Plazen uechter d’Stad gelount an et wier ee verspreet vun der Rocade zu Bouneweg bis an d’Ënneschtgaass an der Uewerstad. Dat wier a kengem sengem Interêt. Dofir wier et sënnvoll, un enger neier Cité Judiciaire ze plangen. D’Iddi vum Thierry Hoscheit, fir eng Plaz baussent der Stad ze plangen, wou alles kéint regroupéiert ginn, géing hie voll ënnerstëtzen, sou de John Petry. Souwäit hie wéisst, géing d’Regierung do och Etüde maachen.
Mir musse méi transparent ginn
Punkto Transparenz an Ëffentlechkeetsaarbecht misst sech d’Justiz wierklech hannerfroen. Et wéilt ee méi transparent ginn, esouwuel an der Presse-Aarbecht wéi och an der Publikatioun vun den Decisiounen. Idealerweis misst all Decisioun vum Geriicht och um Internet accessibel sinn, erkläert de John Petry. Wat d’Medien ugeet, wéilt ee virop op Doleancë vum Presserot lauschteren a Coursë fir Journalisten ubidden. Eenzeg Ausnam wier d’Strofrecht. Do kéint et ni komplett Transparenz ginn duerch de Secret d’instruction. Dat wier wichteg, fir Enquêten effikass kënnen ze féieren an och fir d’Onscholdsvermuddung vum Verdächtegen ze garantéieren, erkläert de Procureur général d’État.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.