E Freideg de Moie waren d'Gewerkschaften an de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Sozialdialog gëtt net beim Thüringer op enger Béierbänk gemaach, sot de e Freideg de Moien d’OGBL-Presidentin Nora Back als eis Invité vun der Redaktioun um Dag nom 1. Mee. De Premier Luc Frieden war jo mat de Ministere Georges Mischo a Martine Deprez en Donneschdeg op den 1.-Mee-Feiere vun den zwee Syndikater. Fir d'politesch Ried vum Patrick Dury zu Réimech an duerno an der Mëttesstonn fir d'Iesse quasi beim OGBL an der Abtei Neimënster. Dat, wat d'Nora Back hinne reprochéiert huet, hu si also net direkt mat kritt.

D'Gewerkschaftsfront stéiert d'Regierung

Et géif ee gesinn, datt déi aktuell Gewerkschaftsfront d'Regierung stéiere géif, huet d'OGBL-Presidentin e Freideg de Moie gemengt. D’Syndikater wieren also um richtege Wee. OGBL an LCGB si sech sou no wéi nach ni virdrun. Dat huet een en Donneschdeg kloer gemierkt. Wann den LCGB-President a senger 1.-Mee-Ried awer vu "sozialer Apartheid" schwätzt am Bezuch op d'Attacke géint d'Salariéen an d'Gewerkschaften am Privatsecteur op där enger Säit an den neie Gehälteraccord vun der Regierung fir d'Staatsbeamten op där anerer Säit, schéngt de Rapprochement zu der CGFP dogéint awer méi schwiereg.

D'Nora Back huet drun erënnert, datt déi 3 Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP jo awer e gemeinsame Positiounspabeier eragereecht hätten. D'Terminologie vum Patrick Dury huet si e Freideg de Moien net iwwerholl. Ëmmerhin ass den OGBL och op ville Plazen am ëffentlechen Déngscht gewerkschaftlech vertrueden.

Net dee sozialen Dësch, dee mir eis wënschen

Et wier ëmmer gutt, datt de Premier bei d'Gewerkschafte kënnt a gesäit, wéi lieweg datt se sinn, sou d'Nora Back am Interview. An der Abtei Neimënster hätt ee gesinn, wéi "total modern" an an der Mëtt vun der Gesellschaft den OGBL wier. De Sozialdialog géif awer net beim Thüringer op enger Béierbänk gemaach ginn. En Donneschdeg hätt ee sech iwwert dem Mëttegiesse weider net mat de Regierungsvertrieder vun der CSV iwwer d'Dossieren ausgetosch, wou et den Ament Sträit gëtt. Dat wier och net d'Plaz duerfir. Wichteg wier, datt op deene Plazen, wou et zielt, mateneen diskutéiert gëtt a konkret Resultater kommen. An dat géif grad eben net geschéien. "Duerfir si mer rosen an duerfir hu mer dat och haart gesot", huet d'Nora Back erkläert.

De Luc Frieden huet net agesinn, wéi haart d'Attacke géint d'Gewerkschafte sinn

De Premier hat sech en Donneschdeg géintiwwer dem Patrick Dury “blesséiert” gesot, iwwer d’Heftegkeet vun den Aussoe beim LCGB. Dat géif weisen, datt een net géif agesinn, wéi hefteg déi Attacke vun der Regierung sinn, déi d'Gewerkschaften zanter Méint erliewe géifen, huet d'Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond dem Staatsminister seng Reaktioun kommentéiert. D'Gewerkschafte wiere méintelaang schlecht geschwat ginn a wieren duerfir elo sou haart. Ëmmerhi géifen OGBL an LCGB jo zu enger nationaler Manifestatioun am Juni géint déi aktuell Regierungspolitik opruffen. A wa Ministeren op 1.-Mee-Feiere kommen, da misste se dat och wëssen.

1. Mee als Testlaf fir den 28. Juni

Mir wëllen de Konflikt net, mir wëlle verhandelen. Mä wann een eis net méi um Verhandlungsdësch wëll, da muss een eis op der Strooss héieren, sou d'Nora Back. D’Mobiliséierung fir déi grouss national Manifestatioun vun OGBL an LCGB fir den 28. Juni leeft. An d'Regierung wier gefuerdert, fir aktiv ze ginn.

Konkret fuerderen d'Syndikater, datt d'Gesetzprojeten zu den erweiderten Ouvertureszäiten am Commerce an der Sonndesaarbecht carrement zréckgezu ginn. Bei de Kollektivverträg misst endlech eng Léisung fonnt ginn, amplaz datt d'Regierung bei der versprachener Exklusivitéit - datt just d'Gewerkschafte Kollektivverträg aushandele kënnen - nees zréckruddert. An d'Tripartite misst onbedéngt zesummekommen, ier eppes bei de Pensioune konkret decidéiert gëtt, sou d'Nora Back e Freideg. Um 1. Mee haten d'Gewerkschaften och schonn e Generalstreik an Aussiicht gestallt. Sollte si keng Satisfaktioun kréien.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.