Wéi wäit geet d'Responsabilitéit vun de Membere vum Verwaltungsrot?
E Méindeg de Moie war d'Haftung vu Verwaltungsrotsmemberen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wéi wäit geet d'Responsabilitéit vun de Membere vum Verwaltungsrot? Déi Fro stellt sech elo an der Caritas-Affär, nodeems am Podcast "Carambolage" vum 100,7 kloer ginn ass, dass notamment ee Member vum CA scho wousst, dass et Problemer gëtt, nach iert alles un d’Liicht komm ass. Fir dorop ze äntweren, war de Méindeg de Moien de Charles Muller eisen Invité vun der Redaktioun.
Den onofhängegen Administrateur a Jurist spezialiséiert op Betribsrecht huet erkläert, dass hie sech net zum Caritas-Skandal géing äusseren. Mee prinzipiell gekuckt, wier et esou, dass e Member vun engem Verwaltungsrot kann haftbar gemaach ginn, wa Feeler an enger Asbl geschéien. D’Haftung, déi berout op 3 Sailen. Éischtens muss e Schued entstoen. Zweetens muss e Feeler gemaach gi sinn. Da stellt sech dorop d’Fro: wien huet wéi ee Feeler gemaach. An drëttens muss et och ee sougenannten "lien de causalité" ginn. Dat heescht, et muss bewise ginn, dass et genee dee Feeler war, deen zum Schued gefouert huet. Dat wier eng laang Aarbecht mat villen Elementer an doriwwer missten d'Riichter entscheeden.
Et feelt un Standarde fir Verwaltungsréit
E Verwaltungsrotsmember muss als "bon père de famille" agéieren. Dat wier leider bëssi schwammeg als Definitioun. Mee allgemeng géing et einfach un Standarde feelen. Et misst definéiert ginn, wéi eng Standarde mussen erfëllt an do wier de Staat gefuerdert. Zum Beispill misst een definéieren, wéi dacks Finanze misste gekuckt ginn a wéi d’Finanzen organiséiert sinn. A wann dës Standarden net erfëllt ginn, wier dat e Feeler. An da kéint een zur Rechenschaft gezu ginn.
Deementspriechend kéint et och eng deier gi fir Membere vum Cartias-Verwaltungsrot, well se d’Responsabilité civile net verlängert haten. Dësen Detail ass och am Podcast vum 100,7 erauskomm. Am Fall, wou also e Geriicht entscheet, dass e Feeler geschitt ass, kéint dat finanziell Konsequenzen hunn, erkläert de Charles Muller.
Och kleng Asble sollen am beschte Fall eng Assurance fir de Verwaltungsrot ofschéissen
Och fir kleng Asble wier et wichteg, eng Assurance ze maachen. Dat wier net all ze deier hei am Land, mee domat kéint ee sech wéinstens bis zu engem gewësse Grad ofsécheren. Fir kleng Asble wier dat och net ze deier.
"Ech fannen, déi vill Leit, déi sech niewent hirer Aarbecht nach Benevole engagéieren, onentgeltlech, an déi do ganz vill Stonne schaffen, de Minimum, deen ee ka fir si maachen, dat ass, datt se assuréiert sinn", esou de Charles Muller.
Am Ausland ginn et esou Standarden. Do géing een esouguer deels nach méi wäit goen a keen Ënnerscheed méi maachen tëscht enger Sàrl an enger Asbl. De Charles Muller ass am ILA aktiv, dem Institut Luxembourgeois des Administrateurs, wou all déi Leit, déi am Finanzsecteur a Verwaltungsréit sëtzen, sech zesummegesat hunn, fir eben esou Standarden auszeschaffen. Am ILA wier elo een Aarbechtsgrupp gegrënnt ginn, fir och esou Standarden fir Asblen auszeschaffen. Leider géingen déi Standarden eigentlech och ni grouss kontrolléiert ginn, ausser wann e Problem entsteet, erkläert de Charles Muller. Iert e Problem entsteet, wier et awer esou, dass eigentlech eng Assemblée générale dofir do ass, fir d’Aarbecht vum Verwaltungsrot ze kontrolléieren.
Affär Mudam: Aner Reegele spillen
Och zu der Affär am Mudam wollt sech de Jurist net äusseren. Do hat de President Patrick Majerus am Januar demissionéiert, well hie länger soll op Mëssstänn mat der neier Direktesch Steinbrügge higewisen hunn, ouni dass eppes geschitt ass. De Charles Muller preziséiert awer, dass de Mudam keng Asbl ass, mee als "Etablissement public" e ganzt spezielle Statutt huet. Dofir gëtt et ee Gesetz. An dem Fall géingen et eng ganz Rëtsch Decisioune ginn, déi de Verwaltungsrot net dierf huelen ouni Approbatioun vum Minister. Allgemeng wier et awer d’Flicht vun engem Administrateur, fir Saachen zur Sprooch ze bréngen. Am schlëmmste Fall kënnt et dann zu enger Kampfofstëmmung, wa sech Leit net eens sinn. An wann een dann an der Minoritéit lant, da misst ee mat de Konsequenze liewen an effektiv demissionéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.