En Dënschdeg de Moie war den neie Poopst Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fraen an der kathoulescher Kierch, dat war ee Sujet den Dënschdeg de Moie mat eiser Invitée vun der Redaktioun, der Renée Schmit. Si ass Theologin a schafft am Bistum. Si ass ënnert anerem bëscheeflech Delegéiert fir d'Formatioun an déi diözesan Bildung.

Och wa Fraen nach net kënne Paschtouer ginn, wier dach sou munches geschitt. Eng Rei Frae goufen zum Beispill an de Lëtzebuerger Bëschofsrot nominéiert. Wéineg Versteesdemech huet eis Invitée derfir, wann Nominatioune vu Frae vum Klerus oder an der Ëffentlechkeet net respektéiert ginn. Do géif et heiansdo u "Léift" feelen.

Neie Poopst kënnt warscheinlech net laanscht d’Fraefro
 
Den neie Poopst Leo XIV. géif sech nach bedeckt halen, wat Reforme bei der Roll vun der Fra an der kathoulescher Kierch ugeet. Hie misst d’Fraefro warscheinlech awer "nach emol an de Bléck huelen". "Mir hoffen op jidde Fall", seet d’Renée Schmit.
 
An dësen Zäite wiere Reformen elo emol Friddenspolitik, fir déi den neie Poopst sech jo scho staark gemaach huet. Hie géif och fir dat Soziaalt stoen. An hie wier en Uerdensmann. Hien hätt dowéinst och e staarke spirituellen Apport ze ginn, esou d'Theologin. Hir ass den neie Poopst zejoert bei der Visitt vum Poopst Franziskus als diskrete Mann opgefall.
 
Oktav haut méi multikulturell
 
D'Oktav, déi den Ament am gaangen ass, gouf och ugeschwat. Si feiert dëst Joer 400 Joer. Et ass eng Traditioun, mä eng déi sech iwwer d’Jore verännert huet. Et géifen haut manner Leit kommen an d’Oktav ass méi multikulturell ginn. E Sonndeg wären zum Beispill geschaten 1.200 Leit an der Kathedral gewiescht.
 
Et kommen awer manner Lëtzebuerger, d’Kanner hunn haut jo net méi schoulfräi, mä musse sech fräi froen, wat sécher och dozou bäigedroen hätt. D’Oktav-Priedegte sinn ëmmer an der Woch mëttes um 16 Auer. Dat wär net ideal, gëtt d’Renée Schmit zou. Et géif sech haut méi an den Owend verlageren. Oktavpriedeger ass dëst Joer de Weibëschof Leo Wagener. Virun zwee Joer war d’Renée Schmit als zweet Fra Oktavpriedegerin.

Invité vun der Redaktioun: Renée Schmit

Rendez-vousfir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.