E Mëttwoch de Moie war déi mental Gesondheet bei deene Jonken Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Jonken hei zu Lëtzebuerg geet et gutt. Virun 3 Joer gouf eng Etüd iwwer d’Wuelbefanne vun de Jugendlechen am Alter tëscht 11 an 18 Joer gemaach an do leie mer an der EU-Moyenne, sot d’Direktesch vum CePAS, d’Nathalie Keipes, de Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. De CePAS ass de schoulpsychologeschen Déngscht an de Lycéeën.
 
Wa Jonker Problemer hunn, sinn et Stresssituatiounen, Angschtzoustänn, Konflikter mat Kolleegen, sief dat Sträit oder Mobbing. An de leschte Joren hätten déi Konflikter och eng digital Komponent kritt.
 
Besser reagéiere bei problematescher Handynotzung

Déi problematesch Mediennotzung hätt och zougeholl. Dat géif engem Suerge maachen, sou d’Nathalie Keipes. Et misst méi e grousst Bewosstsinn geschaaft gi fir d’Problematik vun iwwerméissegem Konsum vu soziale Medien. Et hätt een nach net genuch erkläert an net genuch verstanen. Virun allem bei 13 a 14 Joer ale Jugendleche géife Sucht-Symptomer verstäerkt optrieden. D’Frustratiounstoleranz geet erof, et reagéiert ee méi gereizt an d’Konzentratioun léisst no. Déi Jonk si manner reell sozial Kontakter gewinnt an d’Selbstbild an d’Selbstvertraue kënnen drënner leiden.
 
Elteren als gutt Virbild

An der Schoul wieren handyfräi Raim wichteg. Och d’Schüler selwer misste sensibiliséiert ginn. An d’Eltere misste mat engem gudde Beispill virgoen an och net andauernd zum Handy gräifen. D’Eltere sollen drop oppassen, wat hir Kanner notzen. Bis 3 Joer am beschte guer keen Ecran, bis 12 keen eegene Smartphone. An ëmmer mat de Kanner schwätzen a kucken, wat se notzen a wéi laang se drop sinn.
 
Gewalt a Mobbing

Gewalt a Mobbing an der Schoul waren och en Thema. Dat kënne verbal Beleidegunge sinn, bis hin zu kierperlecher Gewalt. Wichteg wär, datt Schoul ëmmer intervenéiert, wann et engem Schüler net gutt geet. Gewalt misst och der Police gemellt ginn, do misst direkt reagéiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Nathalie Keipes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.