Kann net sinn, dass d'Leit sech musse "krank waarden"
En Dënschdeg de Moie war déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir kéinten hei zu Lëtzebuerg eng optimal medezinesch Versuergung hunn, ouni grouss Waardezäiten, mee d’Decisiounen dofir ginn net geholl. Dat war de Constat vum Chris Roller, President vun der AMMD. D’Gesondheetskeess CNS wier zesummegesat aus verschiddenen Interessensvertrieder, déi net ëmmer d’Interesse vum Patient vertrieden.
Och mat Bléck op d’finanziell Situatioun vun der CNS gesäit den Dr. Roller eng Matschold bei der Gesondheetskeess. Aktuell géifen d’Prestatairen op hir steigend Käschten opmierksam gemaach ginn, ma d’Gesondheetskeess selwer hätt enorm administrativ Käschten an et bräicht eng déifgräifend Reform vun de Strukturen.
"Ech mengen och, fir do sech dat e bëssen a Chiffere kloer ze maachen, also zum Beispill am Rapport vun der IGSS fir 2023 sinn d'Frais d'administratifs vun der CNS hunn deem entsprach, wat zu Lëtzebuerg fir Zännmedezin rembourséiert ginn ass. Dat heescht, wat all Zänndokteren hei zu Lëtzebuerg prestéiert hunn, wat remboursabel ass, ass dee selwechte Montant”.
Dat wieren eng 124 Milliounen. D’CNS huet 2023 dem Rapport vun der IGSS no 150 Millioune fir Zännmedezin rembourséiert.
Och hätt d’AMMD ewell Propose gemaach, fir d’Käschten ze reduzéieren, zum Beispill bei der Maîtrise médicalisée.
"D'Maîtrise médicalisée ass am Fong, wou mer kucken, wat mer bei den Analysen zum Beispill, wa mer déi verschreiwen, wou mer do kënne kucke wat, wat mécht Sënn, och fir ze evitéieren, dass d'Saachen net heiansdo duebel an dräifach gemaach ginn. Do si sécherlech eng Partie Mesuren dran".
D’Gesondheetskeess CNS rechent mat engem Defizit vun 133 Milliounen Euro fir dëst Joer. 2027 scho kéint d’Reserve ënnert de legale Grenzwäert vun 10% vun de lafende Käschte falen. Da missten entweder d’Cotisatiounen erop- oder d’Remboursementer erofgesat ginn.
AMMD : Doktersgesellschafte géife Waardezäite staark verkierzen
Ënnert der viregter Regierung war e Gesetzesprojet um Instanzewee, deen et den Dokteren erlabe géif, eng Gesellschaft ze grënnen. Par rapport zu den haitege Gemeinschaftspraxen hätt een do méi Méiglechkeeten, erkläert den Dr. Chris Roller.
"Dat heescht zum Beispill bestëmmten Aenoperatiounen, wéi Katarakten oder Daarmspigelungen, kleng ambulant Operatiounen, déi kéinten do an deem Kader gemaach ginn. Déi kënnen éischtens emol esou gemaach ginn, dass d'Waardezäite vill méi kuerz sinn, well se net am Spidol musse gemaach ginn, si kënne gläichzäiteg awer och d'Spideeler natierlech entlaaschten, dass och d'Spideeler sech kënnen e bëssen op den Haaptbusiness konzentréieren."
80 Prozent vun den Traitementer kéinten eigentlech ambulant gemaach ginn.
D’Sozialministesch Deprez (CSV) huet dee Projet allerdéngs 2024 zeréckgezunn. Firwat, wéisst d’AMMD net. D’Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun ass awer der Meenung, dass duerch ambulant Agrëffer an deenen Zentren d’Waardezäite substanziell géifen erofgoen.
Aktuell ass et de Spideeler virbehalen, extern Antennen ze grënnen. D’Kritik war, dass privat Initiativen engersäits zu enger Kommerzialiséierung vun der Medezin féieren, anersäits de Spideeler d’Doktere fortlafen.
Dat gesäit den Dr. Roller net. "Also, dass herno kee méi wéilt am Spidol schaffen, dat ass, mengen ech, dat ass Quatsch. Anerwäerts musse mer awer kucken, mir hunn eng Penurie un Dokteren, a wa mer weider wëlle kucken, dass mer eng gutt Versuergung hunn, eng Basisversuergung, wär et gutt, fir déi Zentren ze hunn".
D’AMMD hofft op e besseren Austausch mat der CNS. Lëtzebuerg hätt vill Ressourcen, fir de President Chris Roller kann et net sinn, dass d’Leit sech musse "krank waarden".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.