Huet et sou wäit misse kommen?
E Méindeg de Moie war d'Maniff vun e Samschdeg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Huet et sou wäit misse kommen? Dat freet sech den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet no der grousser Maniff vum 28. Juni. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Et ass net gutt, wa souvill Leit géint eng Regierungspolitik op d'Strooss ginn, och wann et vill verschidden Ursaache gëtt. D'Haaptuleies ass, dass een nees an een Dialog an eng echt sozial Partnerschaft erakënnt. Et wier dofir wichteg, dat als Regierungspartei eescht ze huelen, sou de Politiker.
De Premier huet zouginn, dass hie wéilt eppes änneren
De Premier ass Premier vum ganze Land a wéi all Mënsch géing hie Feeler maachen an heiansdo eng Klatz laanscht den Dill geheien. Hien hätt jo och zouginn, dass hie wéilt eppes änneren.
D'Aussoe vum Premier iwwer d'Pensioune beim État de la Nation wiere besser manner konkret gewiescht, grad well ee jo nach an enger Consultatiounsphase gewiescht wier. Mee duerno wier et jo bekanntlech ëmmer méi einfach, dat ze beurteelen, sou de Laurent Zeimet.
An den Ae vum CSV-Deputéierte wier et elo virop wichteg, dass sech d'Gewerkschaften, d'Patronat an d'Regierung zesummefannen, am beschten den 9. Juli. Do misst dann eng Agenda festgeluecht ginn, iwwer wat ee wéilt diskutéieren an den nächste Wochen, well et wier kloer, dass net genuch Zäit ass, fir alles den 9. Juli ze klären.
Elo misst all Mënsch mat sengen Iddie kommen an da misst natierlech, wéi an enger Partnerschaft üblech, all Mënsch Waasser a säi Wäi schëdden. Hie géing sech wënschen, dass d'Gewerkschaften dës Invitatioun vum 9. Juli unhuelen.
Si hätten op der Maniff jo och gefuerdert, fir agebonne ze ginn an dowéinst kéint hie sech schlecht virstellen, dass se zwee Deeg duerno géingen decidéieren, fir net op dëse Rendezvous ze goen.
Ëmstridden Avisen: De Staatsrot war absolutt a sengem Rôle
"Ech stelle fest, de Staatsrot kritt seele Blumme fir seng Avisen. Et ass ëmmer een onzefridden, wann e méi kritesch ausfält", dat seet de Laurent Zeimet iwwer déi kritesch Avise vun der héijer Kierperschaft iwwer zwee ëmstridde Gesetzesprojeten: deen een iwwer d'Sonndesaarbecht an den aneren iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten.
Béid Gesetzprojeten hu fir vill Onmutt gesuergt. De Laurent Zeimet war selwer annerhalleft Joer laang Member vum Staatsrot a gesäit déi héich Kierperschaft absolutt an hirem Rôle.
De Staatsrot hätt op verschidden Inkoherenzen higewisen, dat misst een zur Kenntnis huelen an déi, déi haut zefridde sinn iwwer dësen Avis, hätten zu aneren Avise gesot, déi wiere politesch motivéiert, erënnert sech de Laurent Zeimet.
"Ech si kee Fan vun der Sonndesaarbecht"
"Ech soen Iech ganz éierlech, ech si kee Fan vun der Sonndesaarbecht", sou den Invité. Seng Elteren haten eng Bäckerei an hunn all Sonndes geschafft an dat hat Konsequenzen op d'Familljeliewen, sou de Laurent Zeimet.
Hie géing och ganz wéineg op der Strooss drop ugeschwat ginn, dass d'Leit gär wéilte Sonndes schaffen. Natierlech wieren eenzel Commerçanten dofir, mee och hei misst een e Kompromëss fannen.
Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz hätt scho viru Méint eng Méiglechkeet proposéiert, fir sech iwwer Accords interprofessionnels mat de Gewerkschaften eens ze ginn, wéi een dat kéint organiséieren. Och d'Kollektivverträg solle bäibehale ginn. Hei misst een iwwer d'Sozialpartner fueren.
Hätt een op de Marc Spautz gelauschtert, wier ee vläicht elo e Schratt weider, mee et ass ni ze spéit, fir et nach besser ze maachen, sou de Laurent Zeimet.
Wann d'Gesetzer an dëser Form bleiwen, géing hie se op alle Fall net matstëmmen, sou den CSV-Deputéierten. Iwwer eventuell Konsequenze vun esou enger Aktioun, wollt de Laurent Zeimet net schwätzen. Hie géing nämlech dovun ausgoen, dass jiddereen elo kompromëssbereet wier an dass eng Léisung kéint fonnt ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.