E Mëttwoch de Moie war d'Zukunft vun der Piratepartei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Mir hu geléiert, datt ee Konflikter esou muss ausdroen, datt een ëmmer respektvoll mateneen ëmgeet. Mir schaffe mateneen, mir schwätze mateneen, alles am Interêt vun eise Mandater," sot de Sven Clement, Deputéierte vun de Piraten, e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun zu der aktueller Situatioun an der Oppositiounspartei an zu senger Relatioun mam anere Pirat an der Chamber Marc Goergen.
 
Viru genee engem Joer ass de Kaméidi bei de Piraten ëffentlech ginn. Juristesch a finanziell Problemer sinn opgetaucht an den 3. Pirat an der Chamber Ben Polidori huet d’Partei verlooss an ass bei d’LSAP gewiesselt. Sechs gewielte Vertrieder hu bannent 12 Méint d’Partei verlooss. Dat hätt och verschidde Grënn, mä géif natierlech wéi doen, mengt de “Papp” vun de Piraten, deen d’Partei 2009 matgegrënnt huet.

Piratepartei finanziell operationell

Wat déi finanziell Situatioun vun der Piratepartei ugeet, wier een operationell, ënnersträicht de Sven Clement. Dat, wat een eventuell wéinst der Sproochen-App MALT misst zréckbezuelen, hätt ee budgetiséiert. D’Paie kéint een och all bezuelen. E Presseiessen, fir de Bilan vum Chamberjoer ze zéien, maachen d’Piraten dëst Joer net. D’Cour des Comptes hätt och Froen zu deenen Iessen opgeworf, war een Argument vum Deputéierten.

De Sven Clement mengt, datt d’Enquête och eng Chance kéint sinn, datt Fakten etabléiert ginn, anescht wéi dat, wat an de leschte Méint op der Place publique gezielt gouf. Et géif een och mat allen Instanze voll a ganz zesummeschaffen.

Regierung kéim Informatiounsflicht net no

Datt de Premier Luc Frieden d’Chamber net informéiert iwwer déi lescht Sozialronn, doriwwer ass den Oppositiounspolitiker guer net frou. Et géif eng Informatiounsflicht ginn, mä d’Regierung géif där och an aneren Dossieren net nokommen. Et hätt e breeden Dialog iwwer d’Pensioune ginn. Mä dat, wat d’Regierung “vun uewen erof wollt diktéieren”, war näischt, wat do ofgemaach gi war, mä eppes, wat "d'Regierung Frieden aus dem Hutt gezaubert hätt", fir am Etat de la Nation z’annoncéieren, sou de Piraten-Deputéierten.

2028 nees mat de Piraten an d’Walen?

De Sven Clement ass zanter 2018 an der Chamber. Geet hie 2028 nach emol mat als Pirat an d’Chamberwalen? Am Moment hätt hie keng aner Pläng, huet eisen Invité geäntwert. Et misst ee sech awer ëmmer d’Fro stellen, wéi laang ee Politik mécht. 3 Joer virun enger Wal-Echeance kéint hien net soen, wat seng Ambitioune sinn. Ob hien net d’Partei wéilt wiesselen, dat nennt de Sven Clement a sengem Fall als ee vun de Matgrënner vun de Piraten eng komesch Fro. Et géif ee jo och net d’Eltere froen, ob se hir Kanner fräiwëlleg opginn.

Invité vun der Redaktioun Sven Clement

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.