Dem Lëtzebuerger Aarbechtsmaart riskéiert, op Dauer d'Loft auszegoen
E Freideg de Moie war den Aarbechtsmarché Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché wiisst net méi wéi an der Vergaangenheet. Et zeechent sech elo schonn zanter 2023 of an zejoert ass den Emploi ëm grad mol 1% gewuess, am Privatsecteur souguer just ëm 0,3%. Dat ass historesch niddreg. Soss déi Jore ware mer 3% gewinnt. A virun allem ass d'Land op 3% ugewisen. Net nëmme fir de Chômage am Grëff ze halen, mä och fir dee ganze Lëtzebuerger Sozialstaat mat ze finanzéieren.
Wéineg Rekrutement als nei Normalitéit
Jiddereen, dee gehofft hat, datt déi méi douce Croissance um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart just temporär wier, ass amgaangen ze gesinn, datt déi Hoffnung net erfëllt wäert ginn. Op d'mannst net an nächster Zäit. Zanter bal annerhallwem Joer wier den Aarbechtsmarché elo scho "vill manner dynamesch" wéi mer dat gewinnt waren, sou d'Isabelle Schlesser. Mä dat kéint eng nei Normalitéit sinn, dorobber misst ee sech astellen, sot e Freideg de Moien d’Direktesch vun der ADEM. De Statec géif fir dëst Joer och nëmmen eng Progressioun beim Emploi vu ronn 1% virausgesinn. D'nächst Joer liicht méi, mä "mir wäerten och do nach net erëm op deenen Niveaue sinn, wéi mer mol haten", huet eis Invitée betount.
Manner Dynamik um Aarbechtsmaart bréngt ee ganzen Däiwelskrees mat sech
Wa manner Aarbechtsplaze geschaaft ginn, geet net nëmmen de Chômagetaux an d'Luucht. Dat heescht, de Staat muss fir d'Chômageindemnitéite méi Suen ausginn, kritt via d'Cotisatiounen awer an engems manner eran. An och déi betraffe Leit géife manner ausginn, well se jo manner Suen hunn: Een Däiwelskrees.
Datt d'Betriber zu Lëtzebuerg aktuell manner astellen, wier engersäits op den internationale Kontext, déi onsécher geopolitesch Lag zréckzeféieren an awer och dem Afloss vun der Automatiséierung.
De Chômagetaux louch, de leschte Chiffere vun der Adem no, bei 6% a riskéiert och weiderhi sou héich ze bleiwen. Dat soen d’Previsiounen. Datt et e gewëssenen Undeel vu "verstopptem Chômage" zu Lëtzebuerg gëtt, also méi Leit déi keng Aarbecht hunn awer net bei der Adem ageschriwwe ginn, sou wéi de Statec et an enger Hypothees opgestallt huet, gëtt vum Isabelle Schlesser deels unerkannt. Do wieren notamment vill Jonker derbäi, déi sech och net musse bei der Adem mellen, wa se en éischten Job sichen. Wéi grouss d'Donkelziffer ass, konnt si net soen.
Manner Frontalieren aus Däitschland an der Belsch
D’Frontaliere maache 40% um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché aus. Ouni dës Leit géif de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart kollabéieren. D'Adem an och de Statec hunn allerdéngs festgestallt, datt wuel nach ëmmer all Joer méi Leit aus Frankräich kommen. D'Zuel vu belschen an däitsche Grenzgänger ass awer réckleefeg. Vill Leit wieren net méi bereet, dee laangen Trajet op sech ze huelen an an Däitschland géif virun allem och eng méi attraktiv Lounpolitik matspillen. Den Impakt vun de Grenzkontrolle kéint si nach net gesinn, sou eis Invitée.
Patrone musse bei eelere Chômeuren ëmdenken
Am aktuelle Kontext vun der Pensiounsdebatt huet d'Isabelle Schlesser drun erënnert, datt vill Leit scho vu 45 Joer u Krämpes hunn, nees agestallt ze ginn, wa se bis hir Aarbecht verléieren. Vu 55 Joer u gëtt et, statistesch gesinn, besonnesch schwéier. Wa jidderee méi laang soll schaffe goen, da missten d'Patronen och ëmdenken, seet d'Directrice vum Aarbechtsamt. D'Argument, e Mataarbechter mat méi Beruffserfarung géif ze vill kaschten, kéint si net gëlle loossen. Zu Lëtzebuerg géif et den "exzellente System" vun der Aide au réemploi ginn, deen d'Betriber finanziell ënnerstëtze géif.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.