"Mir kënnen net stoe bleiwen"
En Dënschdeg de Moie war d'Schoul Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir mussen eis Schoul generell reforméieren, sot en Dënschdeg de Moien den Educatiounsminister Claude Meisch. Eng Woch nodeems d’grouss Vakanz ugefaangen huet, war den DP-Minister eisen Invité vun der Redaktioun. Et misst een de Verännerunge Rechnung droen. Eise Schoulsystem géif nach ze vill op enger reng Lëtzebuerger Schülerschaft baséieren. Haut géif awer just nach een Drëttel vun de Kanner doheem Lëtzebuergesch schwätzen, een Drëttel Franséisch a Portugisesch an een Drëttel ganz vill aner Sproochen.
Alphabetiséierung op Franséisch néideg fir besser Chancen
Fir méi Chancëgläichheet ze kréien, gëtt vum Schouljoer 2026/27 un d’Alphabetiséierung op Franséisch am ganze Land ugebueden. Fir d’éischt am Cycle 1.2, dem 2. Joer Spillschoul. Schrëttweis geet dat da weider bis een 2032 um Enn vun der Grondschoul ukomm wier. Deen Ament bräicht een op 150 méi Säll a méi Enseignanten. De Claude Meisch weess, datt dat alles eng Erausfuerderung ass. Mä et wär néideg a géif ville Kanner besser Chancë ginn. “De Lëtzebuerger Schüler verléiert näischt”, hie kéint weider op Däitsch alphabetiséiert ginn, sot de Claude Meisch. Deen anere Schüler kéint awer extrem vill gewannen, nämlech e vill bessere Schoulstart. Ee Véierel vun den Enseignanten an der Grondschoul hätt och schonn eng Formatioun gemaach, si wéilte matmaachen a géifen de Sënn an Zweck gesinn. Natierlech wär nach vill ze dinn. Neit Schoulmaterial muss entwéckelt ginn. D’Niewefächer sollen och méi op Lëtzebuergesch sinn.
"Berechtegt Froen" ob weiderhin nëmme Franséisch am Lycée
Am klassesche Lycée steet d’Franséisch nach ëmmer am Mëttelpunkt. D’Niewefächer sinn an den ieweschte Klassen all op Franséisch. Misst een do net och ëmdenken?, hu mer de Minister de Moie gefrot. "Dat si berechtegt Froen", gëtt de Claude Meisch zou. Ob een am Lycée net och aner Unterrechtssprooche wéi Däitsch oder och punktuell Englesch soll ubidden. Vill Schüler scheiteren um Franséischen, hätten awer soss d’Potential fir de Lycée. Et kéint een net stoe bleiwen. An den nächste Jore soll iwwer méiglech Pisten nogeduecht ginn.
Déi ëffentlech Europaschoule sinn eng Alternativ. Där ginn et der ëmmer méi, mä do ass och e groussen Drock entstanen, sot den Educatiounsminister. Zu Déifferdeng/Esch gouf et 1.200 Demandë fir 300 Plazen. Vill Leit géifen Hoffnung an dee Schoulmodell setzen. Déi däitsch Klasse wären och eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerger Schüler, déi sech mam Franséische méi schwéier dinn.
Sechs vun 38 Lycéeën hunn den Handy ganz verbueden
D'Wuert vum Schouljoer 24/25 ass iwwerdeems fir den Educatiounsminister Claude Meisch “Screen-Life-Balance”: manner Zäit um Ecran, um Smartphone an an de soziale Medien. Dofir awer méi Sport zum Beispill. D’nächst Schouljoer kënnt eng Stonn Sport op 6e bäi, d’Joer drop op 5e. D'Ëmsetze vu méi strengen Handysreegele gëtt vun de Lycéeë verschidde streng geréiert. D’Schoule wieren awer quasi all méi wäit gaange wéi de Basis-Modell, datt den Handy wärend dem Unterrecht muss ewech geluecht ginn. Sechs vun 38 Lycéeën hunn e ganz verbueden. D'Echoe vu Proffen a Schüler wiere gréisstendeels positiv, sou de Minister.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.