E Freideg de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’EU-Agrarpolitik wier déi eenzeg EU-Politik, déi et bis elo reell géif, an déi bräicht een eegene Budget. Dat huet de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, e Freideg de Moien hei op RTL gefuerdert. D’EU-Kommissioun huet fir d’Joren 2027 bis 2034 e Budget vun 300 Milliarden Euro fir d’gemeinsam Agrarpolitik proposéiert.
 
Den EU-Kommissär fir Landwirtschaft, de Lëtzebuerger Christophe Hansen, hat d’lescht Woch bei eis op der Tëlee betount, datt déi Enveloppe zwar méi kleng wier ewéi déi viregt an aktuell, mee se wier geséchert an et misst een déi aner finanziell Mesurë bäizielen. De Christian Hahn sot e Freideg, "jo". An d’Bauere kéinte sech glécklech schätzen, datt mat der CSV um Rudder, d’Liewensmëttelproduktioun nees am Fokus wier. Mee awer och "mir waarden nach op e grousse Worf". Déi aktuell Propos fir d’EU-Agrarpolitik wier awer "en onglécklecht Zeechen". Hie géing op d’national Politiker zielen, dorënner de Premier Luc Frieden an de Finanzminister Gilles Roth, fir "déi richteg Weichen" ze setze fir no 2034.

Drock op de Präisser

Ob et de Lëtzebuerger Bauere gutt geet am Verglach mam Ausland wier schwéier soen. Et géing aner Standarde ginn an et wier e Land vun héije Léin. D’Bauere géinge bei Präisbaissen net punktuell ënnerstëtzt ginn.
 
Den ekonomeschen Drock wier grouss, huet de Christian Hahn erkläert: "Mir sinn am Moment bei Präisser - nach eng Kéier just d’Käre vläicht zeréck – déi hunn ech als Kand Mol net kannt."
 
Hien huet op den Index higewisen, deen an der Reegel ee Mol d’Joer d’Léin un d’Inflatioun upasst. Wann een dat op de Weess géing applizéieren, misst ee beim dräifache Präis sinn.

D’Bauere schaffen "all Dag an der Natur, mat der Natur a fir d’Natur"

En Donneschdeg hate mer op RTL och e Reportage iwwert sougenannt "Éiwegkeetschemikalien". Lëtzebuerg wier ënnert den EU-Grenzwäerter, mee nëmme gutt. Well wa Pollutioun sech accumuléiert an net méi fort geet, da wier et jo fir ëmmer ze spéit.
 
De Christian Hahn seet, de Problem wier, datt een net ëmmer wéisst, vu wou déi sougenannt PFAS kommen. De President vun der Landwirtschaftskammer huet als Beispill gesot, datt wann een an d’Schivakanz geet, een esou Chemikalien op der Jackett huet an am Wuess op de Schi. De Problem vun der Accumulatioun wier mat der Industrialiséierung komm.
 
Vun enger polluéierter Welt hätten d’Baueren natierlech näischt. Dem Christian Hahn no géingen d’Baueren "all Dag an der Natur, mat der Natur a fir d’Natur schaffen".

Invité vun der Redaktioun: Christian Hahn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.