Kee rosegt Bild fir d'Lëtzebuerger Ekonomie
En Dënschdeg de Moie war d'Entwécklung vun der Wirtschaft a vum Emploi am Land Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Präisser sinn an de leschte Méint effektiv méi staark geklommen a wäerten och nach bis Enn vum Joer an d'Luucht goen, virop bei de Servicer a bei de Reesen. Mee ganz allgemeng gesi mer aktuell relativ wéineg staark Präis-Haussen. Am Verglach mat virun 2 Joer, do wieren d'Präishaussen op iwwer 5 Prozent geklommen. Haut léich ee bei 2 Prozent. Dat sot den Tom Haas en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Direkter vum Statec schätzt, dass eng nächst Indextranche am Hierscht d'nächst Joer géif erfalen.
Polykrisen hunn e groussen Impakt op d'Ekonomie
Ganz allgemeng géing et der Lëtzebuerger Ekonomie net ganz gutt goen. 2022 hat een eng Rezessioun an zanterhier trëppele mer u sech, wirtschaftlech gesinn, wann een de PIB kuckt, op der Plaz. Dat géing natierlech um internationale Kontext leien an un deene ville Krisen. D'Pandemie, duerno d'Liwwerkette-Kris an dunn nach eng staark Inflatioun duerch den Krich an der Ukrain. Dat huet och der Lëtzebuerger Wirtschaft e staarke Coup ginn an do hätt Lëtzebuerg einfach e Problem, erauszekommen. An elo géing eben duerch den Handelskrich nach eng zousätzlech Onsécherheet kommen, an "Onsécherheet ass ëmmer schlecht fir d'Wirtschaft", gëtt den Tom Haas ze bedenken.
Musse mer eis u manner Wuesstem gewinnen?
Laut de Berechnungen huet de Grand-Duché dëst Joer 1 Prozent Wuesstem an nächst Joer 2 Prozent. Et wier änlech an der EU, wou een och vun engem Prozent ausgeet dëst Joer an 0,5 Prozent d'nächst Joer. Mee fir d'Europäesch Unioun wier dat u sech potenzielle Wuesstem. Lëtzebuerg wier allerdéngs déi lescht Joerzéngten un 3 Prozent gewinnt gewiescht. "An dat werft natierlech dann d'Fro op, ob den neie potenzielle Wuesstem, also den neie Rhythmus, mat där eis Wirtschaft wiisst, elo vläicht nëmmen nach bei zwee Prozent läit an net méi bei dräi Prozent, wéi mer dat gewinnt ware vun deene leschte Joerzéngten", sou den Tom Haas.
Kéinten déi héich Militärausgaben an den nächste Joren, de PIB net an d'Luucht dreiwen? Dat géing dovun ofhänken, wéi eng Projete virgesi wieren. Vue dass ee keng Waffeproduktioun hei am Land hätt an och eng relativ kleng Arméi, also wéineg Salairen, wier den Impakt vun den Defense-Ausgaben op d'Lëtzebuerger Wirtschaft relativ kleng.
Wéi een Impakt hunn d'Stroftaxen?
D'Stroftaxe vun den USA (15 Prozent op bal all d'Exporter a 50 Prozent op Aluminium a Stol) hunn e manner groussen Impakt op Lëtzebuerg wéi op aner Länner, well mir just 3 Prozent vun eise Gidder direkt un Amerika exportéieren. Lëtzebuerg exportéiert haaptsächlech Servicer, erkläert den Tom Haas. Allerdéngs géing een hei am Land och indirekt een Impakt spieren, wann eis Handelspartner wéi zum Beispill Däitschland, Frankräich, d'Belsch oder Holland staark betraff sinn. D'nämmlecht wier et bei Fluktuatiounen um Finanzmaart.
Ouni fiabel Statistiken entsti séier Rezessiounen
Schockéiert weist sech den Tom Haas iwwer déi rezent Nouvelle aus den USA. Den Donald Trump hat d'lescht Woch seng Chef-Statistikerin erausgehäit, well him déi lescht Donnéeë vum amerikaneschen Aarbechtsmarché net gefall hunn. Eng qualitativ héichwäerteg Statistik, eng onofhängeg Statistik, wier e wichtege Pilier vun der Demokratie. D'Gesellschaft, d'Politik an d'Firmen bräichten objektiv Zuelen, fir gutt Entscheedunge kënnen ze huelen. Wann d'Vertrauen an d'Zuelen net méi do ass, dann entsti séier Rezessiounen, warnt den Direkter vum Statec.
Op europäeschem Niveau wier een an där Hisiicht gutt ofgeséchert. Eurostat géing ganz streng Qualitéitskontrolle maachen, fir ze kucken, dass déi national statistesch Instituter onofhängeg an transparent a mat objektive Methode kënne schaffen.
"Mee Fakt ass awer haut, datt u sech déi Onofhängegkeet zu Lëtzebuerg scho garantéiert ass, datt mer eng ganz héich Qualitéit an eise Statistiken hunn an datt mer eeben och ee ganz grousst Vertraue vun de Leit an eis Zuelen hunn an dorop wäerte mer opbauen," sou den Direkter vum Statec.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.