E Mëttwoch de Moien ass de Sozialsecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Nom Caritas-Skandal war et ëmmer d'Approch vun der Fedas, déi ronn 200 Acteuren aus dem soziale Secteur regroupéiert, fir ze kucken, wat een doraus ka léieren a wéi ee ka méi resilient ginn, fir de soziale Secteur no vir ze bréngen. Dat sot den Thomas Lentz e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Generalsekretär vun der Fedas erkläert, dass elo all d'Acteure vill méi sensibiliséiert wiere wéi nach virun engem Joer. Am Oktober géing een dofir nees eng Formatioun iwwer d'Cyberkriminalitéit lancéieren, déi sech net just un d'Dirigente vun Associatioune riicht, mee ganz kloer un all Mënsch.

Ëmverdeelung vun Donen

D'Fedas huet eng intern Enquête lancéiert, fir erauszefannen, ob verschidde vun hire Memberen duerch d'Caritas-Affär impaktéiert sinn an zum Beispill manner Done kréien. D'Croix-Rouge hat jo viru Méint wësse gedoen, dass si 20 Prozent manner Done verzeechnen. Bei där Enquête, déi natierlech net representativ ass, wier erauskomm, dass eng Ëmverdeelung geschitt ass. D'Donateure wieren nach ëmmer do, och d'Volontéit, fir Donen ze maachen, wier nach ëmmer do, mee d'Sue ginn un aner, méi kleng Strukture gespent, erkläert den Thomas Lentz.

Vill méi intensiv Kontrollen 

Een anere Changement, deen der Fedas opgefall ass, ass, dass zanter der Caritas-Affär vill méi intensiv Kontrolle vun verschiddene Ministèrë gemaach ginn. D'Fedas géing sech natierlech net géint Kontrolle wieren, wa se dat Zil erreechen, wat se sollen erreechen. Mee amplaz, dass ee virdrun 10 Rechnungen huet misse verifizéieren, misst een der elo 100 verifizéieren. Dat géing awer de Problem net wierklech adresséieren a just zu zousätzlecher administrativer Aarbecht féieren, kritiséiert de Generalsekretär vun der Fedas. D'Fedas hätt dofir och e Bréif un déi zoustänneg Ministèrë gemaach, kuerz virum Summer, mee dorop hätt een natierlech nach keng Äntwert kritt. Et géing een nach am Laf vun dësem Mount mat enger Äntwert rechnen.

Grousse Chantier: Harmonisatioun vu Konventiounen

D'Fedas huet e puer Chantiere viru sech. Viru kuerzem hätt een e Protocol d'entente mat der Regierung ënnerschriwwen. Do misst een elo un der Ëmsetzung schaffen. Virop geet et do ëm d'Harmonisatioun. Am Secteur ginn et Strukturen, déi 90 verschidden Konventiounen mat verschiddene Ministèren hunn. Doranner ginn et verschidde Modeller, fir Ofrechnungen ze maachen oder verschidden Opposabilitéit vu Fraisen. Et wéilt een awer dohi kommen, dass et just een oder zwee Finanzéierungsmodeller gëtt an zwee oder dräi verschidden Typpe vu Konventiounen. Dat wier net just gutt fir d'Transparenz, mee och fir den administrativen Opwand, sou de Generalsekretär vun der Fedas.

Den anere Volet, un dem d'Fedas schafft, ass de "Plaidoyer social". D'Caritas hat ëmmer ee "Plaidoyer politique", dat war déi kritesch Stëmm am Secteur. Déi Missioun huet sech d'Fedas elo op de Fändel geschriwwen. Fir dass hire Plaidoyer social déi néideg Onofhängegkeet huet, krute si hir eege Gouvernance, e separate Gremium, fir där Aufgab kënne gerecht ze ginn. Viru kuerzem hätt de Plaidoyer social och een oppene Bréif publizéiert, an deem een op den Décrochage scolaire opmierksam mécht. 1 vun 12 hei am Land géing seng Schoul ofbriechen. Dat misst vill méi thematiséiert ginn, fuerdert den Thomas Lentz.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.