Ëmstridde Brasilien-Rees, Heescherten an der Stad, Gemengewalen a Science Center

E Sonndeg waren d'Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort, d'Melody Hansen vum Journal an de Christoph Bumb vu Reporter.lu am Presseclub.
Eng ëmstridden Rees a Brasilien vu 5 Deputéiert, Heescherten, déi net méi an der Stad wëllkomm sinn, d’Gemengewalen a manner wéi 2 Méint an eng Asbl Luxembourg Science Center, déi jorelaang Subventioune vum Educatiounsministère kasséiert huet, ouni dass den Interessekonflikt vun hirem Direkter an dem senger privater Firma, déi Opträg krut, opgefall ass. Dat waren d’Sujeten dëse Sonndeg am Presseclub.
Rendez-vous wéi gewinnt e Sonndeg tëscht 11 Auer a Mëtteg op RTL Radio an am Toun a Bild op RTL.lu.
Eis Invitéë sinn
D'Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort,
d'Melody Hansen vum Journal
an de Christoph Bumb vu Reporter.lu
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.