Regierung presentéiert Koalitiounsprogramm, Oppositioun mat staarkem Géigewand
D'Regierung steet, d'Chamber ass komplett an elo fänken d'Aarbechten, an natierlech och d'Kriticken dorunner, richteg un.
D'Ministere vun der CSV an DP si vereedegt. An de Premier huet de Koalitiounsprogramm an der Chamber virgestallt. An der Haaptsaach vun zwou neien Oppositiounsparteie kënnt staarke Géigewand.
Wéi analyséieren d'Journalisten déi éischt Woch nom Regierungswiessel zu Lëtzebuerg? Fir déi Fro gëtt et de Presseclub e Sonndeg de Moien.
Eis Invitéen
Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort
Laurent Schmit vum Onlinemagazin Reporter
Sidney Wiltgen vum Tageblatt
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.