Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

Rumänien, tëscht de Karpathen, der Donau-Delta a mëttelalterleche Stied, ass esou ee Land, dat een dacks net als Vakanzenzil ugesäit, mee et ass authentesch, spannend a voller Kontraster.

19/08/2025 Alternativ Destinatiounen Rumänien 8h40

Méi wéi nëmmen Drakula

Déi meescht verbannen domat vläicht direkt Drakula, Buergen an donkel Legenden. Mee Rumänien huet nach vill méi Gesiichter: modern, urban Zentren, ofgeleeën Dierfer, dynamesch Kultur a Gastronomie an dat Ganzt mat engem oppene Wëllkomm.

RTL

© Dan Fador/Pixabay

Fänke mer un an der Haaptstad Bukarest, déi och dacks als „Paräis vum Osten“ bezeechent gëtt. Déi breet Boulevarden, Jugendstil-Fassaden, Caféen a Galerië ginn der Stad Charakter. De Palais vum Parlament, dat zweetgréisst Verwaltungsgebai op der Welt, ass net nëmme monumental grouss, mee och e Symbol fir déi komplex rumänesch Geschicht.

RTL

D'Parlament an der Haaptstad Bukarest. / © Arvid Olson/Pixabay

No der Monarchie an zwee Weltkricher huet Rumänien eng laang Zäit ënner engem kommunistesche Regimm gelieft, dem seng Spueren nach bis ze gesi sinn.

Transsylvanien: Buergen, Basaren a mëttelalterleche Flair

Déi richteg Magie spillt sech awer a Richtung Transsylvanien of. Déi bekanntst Attraktioun: d’Buerg vu Bran, déi dacks mam Mythos ronderëm Drakula verbonnen ass, och wann historesch gesinn, net alt ze vill dohannert stécht. Vill méi impressionant si Stied wéi Brașov, Sibiu oder Sighișoara, all mat faarwege Fassaden, spatzen Tierm an Alstied mat Stroossen aus Pawee.

2025 war zu Sibiu nees den Internationalen Theaterfestival, ee vun de gréissten a ganz Europa. Donieft gouf Timișoara, d’Haaptstad vun der Regioun Banat , als europäesch Kulturhaaptstad 2023, nei renovéiert a bleift en Zentrum fir Konscht a Kultur.

RTL

D'Stad Brasov a Rumänien. / © Dan Novac/Pixabay

Wanderen, observéieren a relaxen

Fir Naturfrënn bidden d’Karpathen déi ideal Kuliss: Plateauen an der Bierger, dicht Bëscher, kleng Bauerendierfer a vill Wëld, dorënner och Bieren, Luchsen a Wëllef, déi hei nach an der fräier Natur liewen. E Guide gëtt recommandéiert, fir sécher a respektvoll ënnerwee ze sinn.

Weider ëstlech trëfft d’Donau-Delta, en UNESCO-Biosphärenreservat, op dat Schwaarzt Mier. Et ass e Paradäis fir Vullespotter an all déi, déi no Rou an engem eenzegaartegen Ökosystem siche mat iwwer 300 Vullenaarten an engem Labyrinth aus Kanäl, Lagunen a Wisen aus Schilf.

RTL

© Andrei Prodan/Pixabay

Kiche fir Entdecker

Op kulinareschem Plang bitt Rumänien eng mëttel- an osteuropäesch Mëschung mat eegener Note. Klassiker wéi Sarmale (Kabesrouladen), Ciorbă (sauer Zopp mat Kraider) oder mămăligă (eng Aart Polenta) sti bal iwwerall um Menü. Als Dessert kritt ee Papanasi: eng Aart séiss Kniddel mat Ram a Gebeess. An natierlech: Țuică, de rumänesche Schnaps, gehéiert bei bal all Iessen dozou.

Authentesch amplaz kënstlech

Et muss net ëmmer den Drakula-Souvenirsbuttek sinn: Eng Rees duerch Rumänien ass méi intensiv, wann een op eege Fauscht ënnerwee ass. En Auto ausléinen, spontan stoe bleiwen, Gespréicher mat den Eenheemesche féieren – dat mécht den Ënnerscheed.

Fir déi, déi et e bësse méi strukturéiert wëllen: D’rumänesch Regierung setzt ëmmer méi op nohaltege Qualitéits-Tourismus a bitt zënter 2025 nei markéiert Wanderweeër, Gastronomietouren a Bio-Bauerenhäff, besonnesch a Maramureș an Apuseni.

Rumänien ass kee klassescht Vakanzenzil,  mee genee dat ass seng gréisst Stäerkt. Et ass gënschteg, frëndlech, onkomplizéiert a virun allem authentesch. Ob Wandertour, eng Ronn duerch d'Stied oder kulinaresch Exploratioun – hei ass nach net alles strukturéiert a verbaut, an dat mécht et esou spannend. Perfekt fir déi, déi mol eppes anescht wëllen.

All d'Deeler vun der Serie fannt Dir hei.