Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

05/09/2025 Alternativ Destinatiounen Schweden 10h40

An eisem leschten Deel vun der Serie geet et an de groussen Norden, méi genee a Schweden. E Land, dat vill méi ass wéi IKEA a Köttbullar. Hei fënnt een eng faszinéierend Mëschung aus Natur, Kultur an engem entspaanten, nohaltege Liewensstil.

Stockholm – Kulturmetropol am Norden

Stockholm, déi lieweg Haaptstad vu Schweden, läit op 14 Inselen an ass mat iwwer 50 Brécke verbonnen. An der Gamla Stan, der historescher Alstad, gesäit ee faarweg Haiser, schmuel Gaassen an eng Stad, déi lieft. An iwwer 100 Muséeën, dorënner de berüümten ABBA Museum an de Vasamusée, gëtt d’Diversitéit vum Land reflektéiert.

De Besuch am ABBA-Musée ass net nëmme fir Fans vun der Band, mee och eng Rees duerch d'Museksgeschicht vu Schweden. De Vasamusée weist en eenzegt richtegt Krichsschëff aus dem 17. Joerhonnert, dat bal komplett erhale bliwwen ass.

Trotz der Modernitéit gëtt Stockholm ëmmer nees als eng vun de liewenswäertste Stied op der Welt ernannt, mat vill Waasser, Parkanlagen a kultivéiertem Liewensstil. Schweden ass net nëmme Miwwel, et ass e Kulturland mat Déift.

Vimmerby – Do wou d’Astrid Lindgren an hir Geschichte weiderliewen

Wien u Schweden denkt, kënnt kaum laanscht d'Astrid Lindgren. An hirem Gebuertsduerf Vimmerby gëtt hiert Liewenswierk nach ëmmer gelieft: a Parke wéi „Astrid Lindgrens Värld“ kënnen d’Kanner an déi Erwuesse Geschichten aus Pippi Langstrumpf, Michel aus Lönneberga oder Ronja Rövardotter erliewen. Et ass eng Welt voller Fantasie, déi mat vill Léift fir d'Detail nogebaut gouf.

An dësem Deel vu Schwede leeft d'Liewe méi lues. D'Kanner lafen nach buerféiss iwwert d'Wiss, spillen dobaussen an d'Dierfer bestinn aus deene klengen, roudelzeg Haiser mat wäisser Fënsterrumm, déi een aus de Billerbicher kennt.

Natur a Rou zu Waasser a Land

Schweden ass bekannt fir seng onberéiert Natur, vu Bëscher a Séien am Süde bis bei déi schnéibedeckte Bierger am Lappland. De Mälarenséi, just ausserhalb vu Stockholm, oder déi endlos Bëscher ronderëm Dalarna lueden an Kajak ze fueren, ze spadséieren oder einfach just ze entspanen. An am Summer bleift d’Sonn am Norde bal de ganzen Dag uewen – déi berühmte „Mëtternuechtsonn".

D’Natur ass de Schweden immens wichteg. Vill Nationalparken, geséchert Wanderweeër a kleng Chaleten an der Natur maachen et einfach, ofzeschalten.

Schweedesch Kichen – méi wéi nëmme Köttbullar

Natierlech sinn d’Fleeschbouletten e Klassiker, mee d’Kichen huet vill méi ze bidden: frësche Fësch aus de Séien a vum Mier, Wëld, Kanéngercher a Bieren. An déi typesch „Fika“, eng Kaffispaus mat Gebäck, déi e festen Deel vum Alldag ausmécht, dierf och net feelen. Besonnesch beléift sinn d’Schnecke mat Kanéil („kanelbullar“), déi een iwwerall kritt. Jo, vun der Tankstell bis zum klassesche Restaurant.

Eng frëndlech an oppe Gesellschaft

D’Schweden zielen zu de frëndlechsten an tolerantste Leit an Europa. D’Gäscht ginn häerzlech empfaangen, mee et huet ee vill Respekt vir Privatsphär. Nohaltegkeet a Gläichberechtegung sinn am Liewensstil verankert. Villes leeft entspaant, et gëtt net gelaf, et gëtt gelieft.

Schweden ass déi ideal Destinatioun fir Famillen, Naturfrënn a Kulturbegeeschterter. E Land, dat ee roueg entdecken dierf.

All d'Deeler vun der Serie "Alternativ Vakanzendestinatiounen" fannt Dir hei.