Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

02/09/2025 Alternativ Destinatiounen Litauen 8h40

De südlechste vun de baltesche Staaten ass räich u Kultur, Geschicht an Natur an huet dobäi eng dynamesch an oppe Gesellschaft, déi d’Vergaangenheet net vergësst, mee an d’Zäit vun haut mat eranhëlt.

Vilnius – eng Haaptstad mat Charme a Geschicht

D’Haaptstad Vilnius ass bekannt fir hir grouss Alstad, déi zum UNESCO-Kulturierwe gehéiert. Déi vill Kierchen, faarweg Fassaden an déi historesch Gaassen erzielen d’Geschicht vun engem Land tëscht Ost a West. Trotzdeem spiert een hei och déi jonk a modern Säit vum Land: Caféen, Galerien a Streetart gehéieren zum Bild vun der Stad.

E besonnesche Quartier ass Uzupis, eng kreativ "Republik" mat eegener Verfassung, déi vu Kënschtler gegrënnt gouf an eng Aart Mini-Natioun an der Stad ass.

Méi ewéi just Geschicht

Wien et méi natierlech gären huet, fënnt a Litauen eng ganz Rei schéin a roueg Plazen: d’Kurësesch Nidderland, eng längelzeg Küst tëscht Mier a Lagun, ass een Highlight. Mat senge Sanddünen a Bëschlandschafte gëtt d’Géigend och oft mam Norde vu Sylt oder de franséischen Plagen um Atlantik verglach, just ebe méi ofgeleeën.

Och déi vill Séien, wéi zum Beispill zu Trakai, mat senger Buerg um Waasser, bidden eng flott Kombinatioun aus Natur, Geschicht a Fräizäit. Kajak fueren, spadséieren oder einfach entspanen, hei fënnt jidderee säi Rhythmus.

RTL

© Wolfgang Eckert/ Pixabay

Kultur mat Charakter

Litauen huet eng laang a schwéier Geschicht. D’Land war Deel vum grousse litauesch-polnesche Kinnekräich, war laang ënner russescher Herrschaft a gouf eréischt 1990 nees onofhängeg. D’Muséeë wéi de KGB-Musée zu Vilnius oder d'Gedenkplaz zu Paneriai maachen dës Geschicht gräifbar.

Donieft gëtt et och kulturell Evenementer, déi am Kalenner eng wichteg Plaz anhuelen: de Song- and Dance-Festival, deen all puer Joer dausende Leit zesummebréngt, ass e festen Deel vun der litauescher Identitéit. Traditioun, déi gelieft gëtt an net just fir Touristen.

Klengt Land, grouss Kichen

An der litauescher Kichen dominéieren defteg a regional Produiten. Cepelinai, eng Aart Gromperentäsch gefëllt mat Fleesch oder Kéis, gëllt als traditionelle Plat. Saltibarščiai, eng hellrosa Zopp aus roude Rommelen, gëtt am Summer kal zerwéiert an ass richteg erfrëschend. Dobäi en Dëppche Sauerram a Gromperen, a fäerdeg ass e Plat, deen een net vergësst.

@runningvita

šaltibarščiai: - 1 l kefyro (naudoju paprastą, su niekuom neskiestą) - 2 vidutinio dydžio virti, tarkuoti burokėliai - 2 trumpavaisiai agurkai - 1/2 violetinio svogūno - 10 susmulkintų kornišonų (per sietelį dar ir kelis šaukštus agurkėlių skysčio įpilu) - sauja svogūnų laiškų ir krapų - dosniai druskos ir pipirų 2 bulvių kepimo būdai: bulvių skilteles padruskink, įtrink aliejumi, kepk 200 C orkaitėje, 30 min arba labai plonai supjaustyk ir kepk keptuvėje su dangčiu ant vidutinės ugnies, kol apskrus

♬ original sound - Vita Marija Murenaite

Och déi litauesch Béierkultur ass bemierkenswäert. Vill Mikrobrasserien a lokal Zorte maachen de Besuch vun engem Bistro zu engem Erliefnis, un dee besonnesch de Gomm sech erënnere wäert.

Frëndlech, oppe Mënschen a vill Plaz fir sech. 

D'Litauer gëllen als éierlech, éischter zeréckhalend, mee hëllefsbereet a respektvoll. Eng Kéier an d’Gespréich komm, deelt ee gär seng Kultur a gëtt Tipps fir d’Regioun.

Wat Touristen dacks positiv iwwerrascht: d’Plaz. Souguer am Summer muss ee sech néierens duerchdrécken. D’Stied sinn net iwwerlaascht, d’Natur bleift eng Plaz fir ze entspanen.

RTL

© Skaistė Vancevičiūtė/ Pixabay

Litauen ass eng Destinatioun fir déi, déi op der Sich no eppes anescht sinn: net iwwerfëllt, mee authentesch. E Mix aus aler Welt a jonker Energie, tëscht traditioneller Rou an neien Iddien.

All d'Deeler vun der Serie "Alternativ Vakanzendestinatiounen" fannt Dir hei.