Bosnien-Herzegowina - Tëscht Ost a West
© Pixabay
Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.
Bosnien-Herzegowina - e Land tëscht Orient an Okzident, tëscht Bierger a Flëss, Téihaisercher a Béier-Terassen. Et ass e Land, dat net just kulturell faszinéiert, mee och mat senger natierlecher Schéinheet.
Sarajevo – Symbol vu Wonnen a Veraarbechtung
D’Haaptstad Sarajevo ass eng Plaz mat villen Gesiichter. Eng Stad, wou Moschee, Kierch, Synagog an orthodoxe Kathedralen nieftenee stinn. En Zeeche vun der kultureller Diversitéit, mee och vun enger komplizéierter Vergaangenheet.














Den Zentrum, Baščaršija, verzaubert mat enke Gaassen, Bazaren, Kaffi am Koffergeschier. Hei fillt ee sech zréckgesat an d'Zäit vum Osmanesche Räich. Op der anerer Säit brénge modern an alternativ Caféen an déi jonk Kulturzeen ronderëm de Floss Miljacka eng nei Atmosphär an d’Stad.
Mostar a seng Bréck
Mostar ass wuel déi bekanntst Postkaart-Kuliss aus Bosnien: D’Stad, déi duerch hir historesch Bréck, d'Stari Most , Symbol vum Zesummeliewen, awer och vun Zerstéierung an Neiopbau gouf. Eleng d’Vue iwwer de bloe Floss Neretva ass d'Rees wäert. An am Summer trauen sech hei jonk Männer dacks aus 20 Meter Héicht an de Floss ze sprangen, eng laang Traditioun an e grousse Spektakel fir d'Visiteuren.
Natur pur – Wäertvoll an onberéiert
Bosnien-Herzegowina ass e Paradäis fir Naturfrënn. Déi wäit Flëss wéi den Una an de Tara si beléift fir Rafting. D’Biergkette ronderëm Konjic an am Sutjeska-Nationalpark erméiglecht wonnerbar Wanderungen, zum Beispill op de Maglić, de héchste Bierg vum Land. De Plivsko-Séi bei Jajce iwwerzeegt mat kloer bloem Waasser an ass eng Plaz fir ze schwammen oder ze entspanen.






Anescht wéi an deene grousse Wellnesshoteller kënnt een hei mat der Natur a mat de Leit a Kontakt. An dat mat Zelter, Wanderschong an engem oppene Geescht.
Kulinaresch Entdeckungen
D’Kichen ass defteg, mediterran a villfälteg. Ćevapi, kleng Fleeschrullen am Brout mat Zwiwwel, fënnt een iwwerall. Burek, eng Aart Taart aus Bliederdeeg mat Fleesch oder Kéis, gëtt gär als Streetfood zerwéiert.
Als Dessert: Baklava oder déi typesch Tufahija, en Apel am Sirop mat Nëss drop. Alles gëtt natierlech begleet vum staarke bosnesche Kaffi mat engem Stéck Zocker derbäi.
Authentesch a ganz eegen
Bosnien ass net dat perfekt funktionéierend Reeseland a bestëmmt net top organiséiert. D'Zich fueren net ëmmer pünktlech, d'Stroosseschëlter si net ëmmer däitlech - wann se iwwerhaapt do sinn, an et ka mol e bëssen Infrastruktur feelen. Mee genee dat mécht de Charme aus: Et ass éierlech, spontan, an ëmmer erëm iwwerraschend. Et ass e Land fir Entdecker, fir déi, déi wëllen nolauschteren an d’Welt anescht erliewen.
En traditionelle Maart an de Stroosse vu Sarajevo. / © Chris Spencer-Payne/Pixabay
Bosnien an Herzegowina ass net fir de Massentourismus geduecht, mee fir all déi, déi no Realitéit, Natur a Mënschlechkeet sichen. E Geheimtipp, deen een esou séier net vergësst.
All d'Deeler vun eiser Serie "Alternativ Vakanzendestinatiounen" fannt Dir hei.