Malta - Mëttelmier-Insel mat Charme vu Fréier
D'Salz-Becken op Gozo. / © Pixabay
Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.
Valletta – kleng mee impressionant
D’Haaptstad Valletta ass déi klengst an Europa, mee kulturell gesinn eng vun de spannendsten. Mat hiren enke Gaassen, gielzegen Haiser aus Sandsteen a faarwege Balconen, Barockkierchen a Palaisen, steet déi ganz Stad op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen. Britteschen Afloss an italieenesche Flair vermësche sech hei op enger Plaz. A wann ee moies an engem Café sëtzt an d’Stad erwächt, versteet een direkt de Charme vun dësem Plaz.










Traditioun an Natur um Festland an op Gozo
Nieft Valletta bitt Malta och nach aner flott Plazen: De Fëscherhafe vu Marsaxlokk mat senge faarwege Booter, d’al Stad Mdina , och „Silent City“ genannt, oder d’Blue Grotto, eng natierlech Hiel mat türkisem Waasser, déi een am beschte mam Boot entdeckt.
Faarweg Fëscherbooter zu Marsaxlokk. / © Pixabay
Eng Dagesrees op d’Insel Gozo ass e Muss: méi roueg a lues geet et do zou. Zu Xwejni kann een nach gesinn, wéi Salz op traditionell Aart a Weis geschëppt gëtt, mat der Hand an Eemer, wéi scho viru Generatiounen.




Wien d’Insel gär an hirer grénger Versioun erliewe wëll, sollt éischter am Februar oder Mäerz dohinner reesen. Wärend dëse Méint bléien d’Felder a vill Planzen, eng ganz aner Vue wéi am Summer, wou d’Landschaft wéinst der Hëtzt zimmlech dréche gëtt. Kaktusse si quasi déi eenzeg Planz, déi dann nach esou richteg gréng bleift. D’Kaktusfrucht, fir d’Malteser esou normal wéi fir eis Äppel a Bieren, gëtt als erfrëschende Summer-Snack giess oder zu Gebeess a Schnaps verschafft.
D'Kaktusfruucht / © Pixabay
Kichen, déi sat a glécklech mécht
Op Malta vermëschen sech Aflëss aus Italien, Nordafrika an England. Déi bekanntste Spezialitéit ass "Pastizzi", Gebäck aus Bliederdeeg, gefëllt mat Ricotta oder Ierbessen. Net deier, mee immens lecker. Och "Rabbit Stew", also Kanéngerchersfleesch a Form vu Gulasch, ass e Klassiker.
Zousätzlech gëtt op Malta Wäin ugebaut an de lokale Béier "Cisk" gehéiert zum Standardprogramm un engem waarme Summerowend.
Aktivitéit ënner an iwwer Waasser
Malta ass bekannt fir seng Tauchplazen. Mat sengem klore Mierwaasser, Hielen a Wracken ass d’Insel en Eldorado fir Taucher. Iwwerall ginn et Schoulen a Guiden, déi souwuel Ufänger wéi och méi Erfuerener begleeden. Besonnesch populär sinn de Wrack vun der HMS Maori bei Valletta an d’Blue Hole zu Gozo, eng spektakulär natierlech Ëffnung am Stee mat Dausenden Zorte Fësch.
E Paradäis fir Taucher. / © Pixabay
Och Schnorchelen ass hei beléift. Plaze wéi Wied iż-Żurrieq oder Għar Lapsi bidden turquoiset Waasser an eng faszinéierend Ënnerwaasserwelt.
Wien et méi aktiv wëll, kann sech och am Kajak oder Stand-up-Paddling probéieren. Déi vill kleng Buchten a geschützt Küste sinn ideal fir dës Sportaarten a ginn engem gläichzäiteg eng aner Vue op d’Insel.
Wien leiwer um Dreschene bleift, fënnt zu St. Julian’s de Quartier Paceville, dee fir säi Party- an Nuetsliewe bekannt ass. Diskoen, Baren, Casinoen – hei ass owes ëmmer eppes lass.
Traditiounen am Summer
Wann ee Mëtt August op Malta ënnerwee ass, stéisst een op eng beléift Traditioun: d‘Festas. All Woch feiert en anert Duerf säin Hellege mat Prozessiounen, Musek a virun allem Freedefeier. Dës Festas sinn e festen Deel vum malteesesche Summer a verbanne Relioun mat Volleksfest an enger ganz spezieller Atmosphär.
Kuerz Rees, vill Erfarung
Malta ass net wäit an awer ganz anescht. Eng Fluchzäit vun ongeféier dräi Stonnen, vill Sonn, eng frëndlech Bevëlkerung an eng Mëschung aus aler a moderner Welt maachen d’Insel zu engem ideale Weekend-Trip oder enger relaxer Summerwoch.
Klengen Tipp: Op Malta gëtt lénks gefuer, dofir gutt oppassen, wann der en Auto lount!
All d'Deeler vun der Serie "Alternativ Vakanzendestinatiounen" fannt Dir hei.