Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

12/08/2025 Alternativ Destinatiounen Nordmazedonien 8h40

Skopje: Eng Haaptstad tëscht Geschicht a Modernitéit

Fir vill Visiteuren ass Skopje de Startpunkt. D’Stad weist sech als eng spannend Mëschung aus Orient a Westen, aus Monumentalarchitektur a pittoresker Alstad. Déi historesch Steebréck Kameni Most, déi iwwert de Floss Vardar féiert, ass eng vun den eelsten a symboleschste Strukturen. Si verbënnt déi osmanescht Alstad mat der neier, moderner Stad a gouf tëscht 1451 an 1469 ënner der Herrschaft vum Sultan Mehmed II gebaut.

Spannend ass och e Spadséiergang duerch den osmanesche Basar-Véierel, wou een op Trapen, Téihaiser a souguer eng moslemesch Karawanserei stéisst, also eng al Herberg, wou fréier Händler an hir Déieren ënnerkomm sinn, e richtege kulinareschen a kulturelle Mikrokosmos.

Ohrid: Entspanen am reliéisen Zentrum

Wien an Nordmazedonien reest, sollt sech Ohrid net entgoe loossen. D’Stad läit nieft dem Ohrid-Séi, deen zu den eelsten an déifste Séie vun Europa gehéiert. D'Stad an de Séi gehéiere wéinst hirem historesche Wäert zum UNESCO-Kultur- an Naturierwen. Mat iwwer 365 Kierchen, eng fir all Dag vum Joer, gëtt Ohrid dacks och als "Jerusalem vum Balkan" bezeechent.

D'Klouschter Sveti Naum, just e puer Kilometer vun der Albanescher Grenz ewech, bitt net nëmme spirituell Entdeckung, mee och e fantasteschen Ausbléck op de klore Séi. De Séi selwer, dee biologesch eenzegaarteg ass, ass perfekt fir ze paddelen, ze schwammen oder just ze relaxen. Lokal Fëscher bidden kleng Bootstouren un, déi och déi eenzel Kléischter um Ufer matenee verbannen.

Outdoor a Nationalparken: Paradäis fir Naturfrënn

Nordmazedonien ass och e Geheimtipp fir Outdoor-Fans. Am Galichica-Nationalpark, tëscht dem Ohrid- an dem Prespa-Séi, kann een iwwer 2.000 Meter héich eropklammen a mat Chance souguer bis op déi Griichesch Grenz kucken.

RTL

© DiscoveringMacedonia/Pixabay

Méi wäit nërdlech läit de Pelister-Nationalpark, bekannt fir seng Molika-Pinen, eng rar Fiichtenaart, déi nëmmen hei an an engem Deel vu Bulgarien virkënnt.

Eng eenzegaarteg Excursioun bidden och d’Matka-Schluchten, déi net wäit vu Skopje sinn. Hei kann ee Kayak fueren oder iwwert d'Vëlospisten duerch eng spektakulär Fielslandschaft fueren.

RTL

D'Matka-Schluchten / © DiscoveringMacedonia/Pixabay

An der Vrelo-Grott, eng vun de déifsten ënnerierdeschen Hielen an Europa, kann ee mat engem Guide eng Aart mystesch Welt ënnert dem Buedem entdecken.

Kultur fir jiddereen a fir bal näischt

E grousse Plus an Nordmazedonien? D’Entréeën a villen nordmazedonesche Muséeën a Monumenter si gratis oder ganz bëlleg. Kultur gëtt hei net als Luxus gesinn, mee soll fir jiddereen zougänglech sinn. Esou ginn et och lokal Fester a Kiermessen, déi ganz traditionell d'Visiteuren integréieren.
E Beispill: Den Ohrid Summer Festival. E musikalescht Evenement mat internationale Kënschtler a spektakulären Outdoor-Bünen op historesche Plazen.

Kulinaresch Entdeckungen am Häerz vum Balkan

Déi lokal Kichen ass e Mix aus Balkan, Griichesch an Tierkesch. Dacks gëtt mat frëschem Geméis, Feta, Aubergine a Fleesch geschafft. Probéiert Tavče Gravče, dat si Boune mat Zwiwwelen am Ueleg gebak, Ajvar (Paprikapuree) oder Selsko Meso, also Fleesch a Champignionen an engem Leem-Dëppen zerwéiert. Béier a Wäin gi lokal produzéiert, besonnesch den Tikveš-Wäin sollt ee probéieren.

Nordmazedonien ass vläicht nach keng klassesch Reesdestinatioun, mee genee dat mécht et interessant. Vill Kultur, authentesch Liewensweis, spektakulär Natur a fir wéineg Geld maachen d’Land ideal fir déi, déi eppes Neies entdecke wëllen ouni grousse Budget ze hunn. An där Mëschung aus Alem an Neiem stécht Nordmazedonien definitiv eraus.

Also: Paakt d’Wanderschong an a lass geet et an dee Süden, wou nach vill Aventure waart!

All d'Deeler vun der Serie fannt Dir hei.