Liechtenstein - aussergewéinlech Natur a Kultur op 160 km²

© Makalu/Pixabay
Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.
Mat sengen 160 Quadratkilometer an ongeféier 40.000 Awunner (Stand 2023) ass Liechtenstein ee vun de klengste Staaten an Europa. Awer wat u Gréisst feelt, mécht d'Land mat sengem stilvollen Mix aus Kultur, Natur an Authentizitéit rëm wett.
Vaduz – eng Haaptstad mat Vue
Vaduz, mat ronn 5.700 Awunner, ass net nëmmen administrativ, mee och kulturell den Zentrum vum Land. D’Schlass Vaduz, als perséinlech Residenz vum Prënz Hans‑Adam II, dominéiert d'Stad aus enger erhuewener Positioun. D’Kuliss ass spektakulär, och wann een also Visiteur net an d'Schlass eran dierf.
Konschtfrënn kommen am Konschtmusée Liechtenstein op hir Käschten: dat modernt Gebai vum Architekt Christian Kerez weist international avant-garde Konscht aus dem 19. Joerhonnert bis haut.
D’Treasure Chamber am Landesmusée bitt eng faszinéierend Rees duerch d’Geschicht vun der Monarchie vun antik Relikte bis bei Prënzejuwelen. D’Sammlung illustréiert d’Wichtegkeet vu Liechtenstein, trotz senger Gréisst, an der europäescher Geschicht.
A fir déi, déi Kultur leiwer ausserhalb vum Musée erliewen: All Summer verwandelt sech d'Haaptstad Vaduz fir e puer Deeg an e liewegt Feier-Paradéis. Beim Vaduzer Sommer, engem Open-Air-Festival, treffe lokal a regional Museker, Food-Trucks, Kënschtler a Kreativer openeen, fir d’Stad mat Liewen ze fëllen. Nieft Musek a Kulinarik gëtt och Handwierk an Design gewisen. Et ass eng Geleeënheet fir nei Entdeckungen ze maachen an enger familiärer Ambiance. D’Evenement ass gratis a gëllt als festen Highlight am Kulturkalenner vu Liechtenstein.
Wanderparadéis a schéi grouss Bëscher
Liechtenstein huet iwwert 400 km gutt ausgeschëldert Wanderweeër, wat fir esou e klengt Land bemierkenswäert ass.
De Liechtenstein‑Weg, e 75 km laange Panoramastour, verbënnt all 11 Gemengen a féiert duerch 147 historesch Plaze laanscht d’Alpen a Bëscher. Déi interaktiv App LIstory bréngt dobäi lokal Geschichten direkt mat op d'Streck.
Ee vun de legendäre Klassiker ass de Fürstensteig Trail, eng 11,9 km grouss Marsch mat ronn 819 Héichtemeter. De Wee féiert iwwer de Biergkamm vun den "Drei Schwestern", mat enger Paus op 2 052 m. hei huet een eng spektakulär Vue op d’Rätikon-Biergerketten, de Rhäindall a souguer de Bodensee ass ze gesinn.
Wäin, Gastronomie & gehuewene Gomm
Am Hera -Wéngert zu Vaduz gi Pinot Noir a Chardonnay ënner optimale Konditioune kultivéiert. D’Court Winery of the Prince of Liechtenstein organiséiert individuell Visitte mat geféierten Degustatiounen.
D’Prinzessin Marie, als trainéiert Sommelière, ass aktiv involvéiert am Service a bei der Betreiung vun de Gäscht.
E klenge Fun Fact zum Schluss
Wéinst der klenger Populatioun an nëmme ronn 200 bis 300 Gebuerten am Joer, gouf d’Maternité an der Klinik vu Liechtenstein 2014 zougemaach, well een dës einfach net méi finanzéiere konnt. Schwanger Frae ginn elo iwwert d'Grenz an d'Puppelcher ginn an der Schwäiz oder an Éisträich gebuer.
Nieft der Maternité feelt och de Fluchhafen. Wien mam Fliger reest, flitt op Zürech an der Schwäiz oder op Friedrichshafen an Däitschland. Vun do aus brauch een dann nach knapp annerhallef Stonn bis an d'Haaptstad Vaduz.
Déi, vun de ronn 85.000 Touristen d'Joer, déi et méi exklusiv wëllen, kënne mam Helikopter kommen. Grad an der klengster Gemeng vum Land Balzers, fënnt een en Helikopterport, wou ee lande kann.

D'Schlass Gutenberg zu Balzers. / © Randy Jost/Pixabay
Liechtenstein ass zesummefaassend eng Destinatioun fir déi, déi no Qualitéit, Authentizitéit an natierlech Schéinheet sichen, an dat alles op engem ganz kompakte Raum. Ob Konscht, Wäin, Wanderung oder kulturellt Ierwen, dat klengt Alpeland huet vill ze bidden. E Must Seen.