Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

29/08/2025 Alternativ Destinatiounen Estland 10h40

D’Rees geet an de Baltikum, méi genee an Estland. De nordëstlechste Staat un der Ostsee bitt eng Mëschung aus Geschicht, Rou, ganz vill Bësch an Technologie.

Tallinn – eng Stad tëscht Mëttelalter a Modernitéit

D’Haaptstad Tallinn ass bekannt fir de gutt erhalene Stadkär am Mëttelalter-Stil. Déi faarweg Haiser, d’Stadmauer an déi véier Ecker vum historesche Kär stinn zënter 1997 op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen. D’Alstad ass kompakt a gutt ze Fouss ze erreechen. Am Kontrast dozou stinn déi modern Deeler vun der Stad mat Start-ups a kreativen Atelieren.

Tallinn gëllt als eng vun de meescht digitaliséierte Plazen an Europa. Déi estesch Regierung huet scho fréi op E-Gouvernance gesat. Bal all Administratioun leeft komplett online, an dat fir Awunner an d'Entreprisen. Dat eenzegt wat ee bis ewell nach net réng online maache kann ass sech bestueden a sech scheede loossen.

Gréngs wäit a breet

Vun den dräi Baltesche Staaten huet Estland déi klengste Bevëlkerung, mee dofir vill Natur. Iwwer 50 Prozent vum Land si mat Bësch bedeckt. Besonnesch bekannt sinn d’Nationalparke Lahemaa a Soomaa. An dëse Regioune fënnt ee Moorlandschaften, flott Holzhaisercher, Séien a wann ee méi genee kuckt och Spuere vu Wëllef a Luchsen.

Am Summer ass d’Land ideal fir Wanderungen, Touren um Vëlo oder eng Ronn Kajak. Estland huet och méi wéi 2.000 Inselen, dorënner Saaremaa, déi gréisst Insel vum Land. Hei steet och ee vu ville Leuchttierm, déi ee besiche kann.

Klouschter, Geschicht a Kultur

Am Norde vum Land leien déi historesch Klouschter-Ruine vu Padise an d’Buerg Rakvere. D'Maueren aus dem 13. Joerhonnert erzielen d’Geschicht vum Land tëscht däitschem, schweedeschem a russeschem Afloss. Wann een dës Buerg besicht kann ee mëttelalterlech Kostümer undoen, mat Feil a Bou schéissen a souguer Scheisspolver selwer produzéieren. Rakvere ass mëttlerweil opgebaut wéi en Themepark mat enger ganzer Rëtsch Aktivitéiten. An déi traditionell Folterkummer däerf natierlech och net feelen.

An der Haaptstad, awer och an der Universitéitsstad Tartu, ginn et modern a klassesch Muséeën. Den estneschen Nationalmusée weist d’Geschicht an Traditioune vum Land, vu Folklor iwwer d’Besatzungszäite bis zu der Onofhängegkeet 1991.

RTL

© Makalu/Pixabay

Kulinaresch Entdeckungen

D’Kichen an Estland ass einfach a regional. Et gëtt vill mat Gromperen, Rëndsfleesch, Schwéngefleesch, Fësch a ageluechtem Geméis gekacht. E beléiften Nationalplat ass “Verivorst”, eng Bluttwurscht, déi traditionell am Wanter zerwéiert gëtt. Zousätzlech si Champignonen  a allerlee Bieren en Deel vun der estnescher Gastronomie, déi besonnesch op de lokale Mäert am Summer ze fanne sinn.

D’Stied bidden zudeem modern Bistroen a Caféë, wou dacks och vegan oder mat Bioproduite gekacht gëtt. Dëst weist d’Relatioun tëscht Traditioun an dem nohaltege Liewensstil, deen an Estland ëmmer méi beléift gëtt.

Allgemeng ass Estland e ganz agreabelt Land fir ze Reesen. Doduerch, dass alles online ass, kann ee villes am Viraus plangen a buchen a brauch dofir kee ganzen Dossier u Pabeiere matzehuelen. Passend dozou gëtt haaptsächlech mat der Kaart bezuelt.

Grad am Summer kann een hei de Reesgruppe gutt aus de Féiss goen. Agreabelt Wieder ouni schonn nom duschen ze schweessen a laang Summerdeeg mat bis zu 19 Stonne Sonneliicht.

All d'Deeler vun eiser Serie "Alternativ Vakanzendestinatiounen" fannt Dir hei.