
D’Motorsportzeen trauert nach ëm de Formel-2-Fuerer Anthoine Hubert, deen den 31. August zu Spa ëm d’Liewe komm war. Um Samschdeg gouf et weider schlecht Noriichten.
De Juan Manuel Correa, deen an den déidlechen Accident verwéckelt war, kämpft mat Komplikatiounen. Den 20 Joer ale Pilot ass net bei Bewosstsinn. An engem Londoner Spidol gouf hien an deen Zoustand versat, nodeems hien een Otemstëllstand hat. Säin Zoustand wär kritesch awer stabil. Seng Elteren hunn dat an der Nuecht op e Samschdeg an engem Statement op de sozialen Netzwierker matgedeelt.
Den Nowuesspilot vum Sauber-Junior-Team war de leschte Weekend mat héijer Vitesse an de virdru verongléckte Won vum Hubert gerannt. De Correa war dobäi enorme Kräften ausgesat an hat sech ënnert anerem déi zwee Been komplizéiert
Weidert uergt Accident e Samschdeg zu Monza
An der Course vun der Formel-3-EM war den Australier Alexander Peroni an der séierer Parabolica-Kéier iwwert een héije Curbe gefuer. Dobäi gouf den Auto an d’Luucht katapultéiert an ass op der Kopp an den Drot um Bord vun der Streck geschleidert ginn.
RTL-Artikel: Formel 3 zu Monza: Auto flitt duerch d’Loft, Pilot an der Klinik