Den alen an neie MotoGP-Weltmeeschter Marc Marquez (Honda) war och beim Grousse Präis vu Japan zu Motegi net ze schloen.

De Spuenier huet sech virum franséische Shootingstar Fabio Quartararo (Yamaha) an dem Ducati-Pilot Andrea Dovizioso aus Italien duerchgesat. De Marquez huet 3 Coursse virum Enn vun der Saison weider d'Méiglechkeet, fir mat sengem Rekord vun 13 Victoirë bannent enger Saison am Joer 2014 gläichzezéien.

De Marquez hat sech dës Saison scho fréizäiteg säi 6. WM-Titel an der MotoGP geséchert.

An der Moto2 war d'Victoire fir den Italiener Luca Marini (Kalex), den Hallefbrudder vum MotoGP-Pilot Valentino Rossi. De WM-Leader Alex Marquez (Kalex) gouf de 6.. De Spuenier läit dräi Coursse viru Schluss 36 Punkte virum Schwäizer Tom Lüthi (Kalex), deen um Sonndeg den Zweete gouf.

An der klengster Klass der Moto3 huet de Lorenzo Dalla Porta (Leopard) e grousse Schratt a Richtung Titel gemaach. Den Italiener ass op Honda seng 2. Victoire an dëser Saison erausgefuer. Säi grousse Rival Aron Canet (KTM) ass gefall. Den Dalla Porta läit 47 Punkte virum Canet.