Den 20 Joer jonken Afridza Munandar ass déidlech verongléckt, de Marc Marquez hat bei "Highsider" méi Chance.

Traureg Nouvellë kommen um Samschdeg aus der Moto-GP-Welt. Do ass nämlech, am Kader vum GP vu Malaysia, den Afridza Munandar ëm d'Liewe komm. Den jonken Indonesier ass beim Asia-Talent-Cup, enger Vircourse vum Moto-GP, gefall an ass méi spéit u sengen uerge Blessuren ëm d'Liewe komm.

De Munandar war ee vun den erfollegräichste Fuerer an der Nowuess-Serie a war Favorit fir den Titel. Hie gouf nëmmen 20 Joer al.

Video vu Marquez-Chute

Moto-GP-Weltmeeschter Marc Marquez fält spektakulär
Dem Spuenier ass bei dësem Highsider awer näischt Uerges geschitt.