Bei dëser 9. Editioun, déi duerch néng Gemenge geet, huet d’Ecurie Roude Léiw, déi dëst Joer hiren 10. Gebuertsdag feiert, véier nei Spezialetappen erausgesicht. Dës ginn dräimol gefuer, am Total sinn dat 126 chronometréiert Kilometeren. 64 Equipagë sinn ageschriwwen.
Eng ganz Rei interessant Pilote wäerte fir gudde Rallysport suergen, ënnert hinnen zwee Vainqueuren op Skoda Fabia RS Rally2. De Belsch Adrian Fernémont, deen dëst Joer ënnert anerem och de prestigiéise Rallye de Wallonie gewonnen huet, an de Marijan Griebel, deen zu Housen scho fënnef Mol ganz uewen um Podium stoung.
Säi Co-Pilot ass de Lëtzebuerger Johny Blom, deen dëse Rallye och scho fënnef Mol, mat verschiddene Piloten, gewonnen huet. De Grégoire Munster, fréiere WRC-Pilot op engem Hyundai i20 N Rally2, kënnt och fir de Schlusserfolleg a Fro.
Déi definitiv Starterlëscht:
Nom trageschen Accident dëst Joer op der Biergcourse zu Eschduerf steet d’Sécherheet bei dësem Rallye nach méi un éischter Plaz.
De Shakedown ass e Freideg am Nomëtte vu 16 Auer un am Beräich vun der Houschter-Déckt. E Samschdeg geet den éischten Auto um 8 Auer zu Housen op d’Streck, géint 18 Auer ass do och d’Arrivée. Gutt Nouvelle: d’Entrée ass gratis.