Porsche Carrera Cup DäitschlandZwou turbulent Coursse fir den Chester Kieffer um Norisring

Tom Hoffmann
Um Norisring goufen dëse Weekend d'Manchen 11 an 12 vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer.

Fir déi éischt Course hat sech den Chester Kieffer eigentlech als 7. qualifizéiert. Wéinst enger Strof aus der leschter Course um Lausitzring gouf de Lëtzebuerger awer ëm dräi Plaze no hannen zeréckversat an ass als 10. an als véiertbeschte Rookie an d'Course gaangen.

Direkt nom Start koum et zu engem schwéieren Accident tëscht dem Dirk Schouten, dem Sam Jongejan an dem Robert de Haan, wouropshin d'Course mat engem roude Fändel ënnerbrach gouf. Am Chaos vun der éischter Ronn hat den Chester Kieffer dräi Positioune verluer.

Nom Restart konnt de Pilot vu Schumacher CLRT sech awer nees no vir schaffen. Hien huet nach een Auto iwwerholl a konnt zousätzlech vum Ausfall vum Australier Caleb Sumich profitéieren. Um Enn ass de Lëtzebuerger op der 11. Plaz an als zweetbeschte Rookie iwwer d'Arrivée gefuer.

D'Victoire goung un de Britt Gustav Burton, virum Südafrikaner Keagan Masters an dem Hollänner Flynt Schuring.

An der zweeter Course vum Weekend ass den Chester Kieffer vun der 3. Startplaz aus an d'Course gestart. Nom Depart konnt de Pilot vu Schumacher CLRT seng Positioun awer net verdeedegen an ass op déi 5. Plaz zeréckgefall.

Um Norisring, engem enke Stroossecircuit, ass Action bal garantéiert. Esou och dës Kéier. De Montego Maassen ass no enger Beréierung hefteg an d'Mauer gerannt, wouropshin och déi zweet Course vum Weekend mat engem rouden Fändel ënnerbrach gouf.

Nom Restart gouf et nees turbulent. De Gustav Burton huet den Chester Kieffer an engem Duell ëmgedréint. Wéinst dësem Tëschefall war un eng Victoire am Rookie-Klassement net méi ze denken. De Lëtzebuerger ass zwar zeréckgefall, konnt sech awer nees no vir kämpfen, fir um Enn op der 5. Plaz an als zweetbeschte Rookie, hannert dem Sam Jongejan, unzekommen.

No der Course krut den Chester Kieffer awer nach eng 5-Sekonne-Strof vun der Renndirektioun, well hien ënnert "net séchere Konditiounen no der Beréierung mam Burton zréck op den Circuit gefuer ass. Dës Strof sollt op d’Rookie-Klassement awer keen Afloss hunn.

D'Victoire an der Course goung un de Flynt Schuring. Den Hollänner huet sech virum Südafrikaner Keagan Masters an dem Brasilianer Matheus Ferreira duerchgesat.

Am Klassement läit den Chester Kieffer am Rookie-Klassement mat 198 Punkten elo op der zweeter Plaz mat engem knappe Réckstand vun nëmmen 3 Punkten op de Leader Sam Jongejan.

Nom dësem Weekend mëscht de Porsche Carrera Cup Däitschland eng kleng Paus. Fir den Chester Kieffer steet den nächste Rendez-vous awer schonn an zwou Wochen um Programm: Zu Spa-Francorchamps gëtt am Kader vum Porsche Supercup nees ëm wichteg Punkte gekämpft.

Back to Top
CIM LOGO