D'Gebridder Marquez ware virum Depart um Sachsenring an Däitschland déi grouss Favoritten op d’Victoire, well de Marc an den Alex Marquez si vun de Plazen 1 an 2 un den Depart gaangen. De Start sollt de Marc Marquez dann och gewannen, viru sengem Brudder an dem Ai Ogura.
D'Course sollt an der Suite awer virun allem duerch eng sëlleg Chutte gepräägt ginn. Sou ass de Fabio Di Giannantonio no véier Ronne gefall, kuerz dorop sollt och de Joan Mir sech nidder leeën an domat aus der Course falen.
Fir den Alex Marquez war dann och Schluss, dat nodeems de Spuenier wéi och de Mir an der Kéier Nummer 13 d'Kontroll iwwert säi Moto verluer huet. Un der Spëtzt sollt de Marc Marquez sech doduerch awer net aus der Rou brénge loossen a feiert eng souverän Start-Zil-Victoire.
Et ass seng 10. Victoire um Sachsenring. Hannert him fueren den Ai Ogura an den Raul Fernandez op d'Plazen 2 an 3. De Pedro Acoasta an de Jorge Martin komplettéieren d'Topp 5.
Am General ass de Jorge Martin mat 14 Punkten virum Ogura op der 1. Plaz. De Marc Marquez huet als 3. 18 Punkte Réckstand op de Martin.
De Marco Bezzecchi (Aprilia), ëmmerhin 2. am General hannert dem Jorge Martin, huet sech e Samschdeg am Qualifying bei 140 km/h no enger schroer Chute d'Schlësselbee gebrach. Bis dato hat den Italieener véier Coursen an dëser Saison gewonnen – d'Saison ass fir hien awer elo domat gelaf.
No der Summerpaus geet et den 9. August mat der nächster Course an England zu Silverstone weider.
An der Moto2 huet an der Schlussphase den Daniel Holgado wuel alles versicht, fir den Ivan Ortola nach vun der 1. Plaz ze verdrängen. Den Ortola huet d'Nerven awer behalen a konnt sech als 1. iwwert de wäisse Stréch retten.
Domat gewënnt de Spuenier viru sengen zwee Landsmänner Daniel Golgado an Izan Guevara. Am General bleift de Manuel Gonzalez trotz senger 6. Plaz um Sachsenring däitlech mat 51,5 Punkte virum Guevara a Féierung.
Nodeems et laang dono ausgesinn huet, wéi wann an der Moto3 de Maximo Quiles sech déi 1. Plaz um Podium kéint sécheren, konnt de Brian Uriarte an der leschter Ronn vun engem Fuerfeeler vum Quiles profitéieren a sech och esou d'Victoire sécheren. Déi drëtte Plaz ass fir de Matteo Bertelle.
De Maximo Quiles bleift am General op der 1. Plaz, dat mat iwwer 100 Punkte Virsprong op de Brian Iriarte.
1. Marc Marquez (Ducati Lenovo) 40:53.148
2. Ai Ogura (Trackhouse)+1.996
3. Raul Fernandez ((Trackhouse) +5.104
1. Ivan Ortola (MSI-Kalex) 35:00.119
2. Daniel Holgado (Aspar-Kalex) +0.614
3. Izan Guevara (Pramac-Boscoscuro) +3.229
1. Brian Uriarte (Ajo-KTM) 33:02.694
2. Maximo Quiles (Aspar-KTM +0.063
3. Matteo Bertelle (MTA-KTM) +5.053
1. Jorge Martin 208
2. Ai Ogura 194
3. Marc Marquez 190
1. Manuel Gonzalez 195.5
2. Izan Guevara 144
3. Senna Agius 136
1. Maximo Quiles 231
2. Brian Uriarte 127
3. Alvaro Carpe 126