Den 22 Joer ale Monegass huet nämlech ee Kontrakt bis 2024 beim italienesche Konstrukteur ënnerschriwwen.

Dat huet Ferrari e Méindeg op Twitter annoncéiert. De Leclerc war eréischt virun der leschter Saison vun Alfa Romeo bei Ferrari gewiesselt. Den 22 Joer ale Formel-1-Pilot konnt an der leschter Saison 2 Coursse gewannen, ass 4 Mol déi séierst Ronn gefuer, koum 7 Mol op d'Pole Position a stoung ganzer 10 Mol um Podium.

De Leclerc koum domat um Enn op déi 4. Plaz an der Weltmeeschterschaft a war domat och viru sengem Teamkolleg Sebastian Vettel, deem säi Vertrag Enn 2020 ausleeft.

Wat d'WM 2020 ugeet, hat den Teamchef Mattia Binotto och schonns ugekënnegt, dass de Sebastian Vettel net méi als Nummer 1 géing starten. No der staarker Saison vum Leclerc wieren de Monegass an de Vettel 2020 gläichgestallt.