An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier engem Automobilsportler iwwert d'Schëller.
Eigentlech war Ufank Mee zu Zandvort an Holland den Ufank vum Porsche-Supercup-Championnat geplangt. Et soll eng wichteg Saison fir den Dylan Pereira ginn, mä déi ass de Moment gestoppt. De Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer ass doheem a probéiert sech esou gutt ewéi et geet op den Optakt vum Championnat ze preparéieren. Et gelt fit ze bleiwen an och prett ze sinn, wann d'Courssen erëm ufänken.
Mat 4 Joer soutz den Dylan Pereira fir d'éischte Kéier an engem Kart. De Sportzaldot ass et eigentlech net gewinnt, net an engem Courseauto ze sëtzen. Am Moment muss den 22 Joer alen Athlet aus dem COSL-Elittekader gedëllegen a schafft dofir weider u senger Fitness. Dat mat Stabiliatiounsübungen, awer och emol un de Geräter.
Den Dylan Pereira ass am Ufank vum Joer wuel e puer Courssen a sengem Porsche gefuer, mä fir de Supercup-Championnat muss sech de Lëtzebuerger Pilot awer nach gedëllegen.
D'lescht Saison huet den Dylan Perreira zu Hockenheim an zu Spa zwou Coursse gewonnen. 2020 fiert hie fir BWT Lechner Racing, aktuell déi beschten Ecurie am Porsche Supercup. Dofir schafft de Lëtzebuerger Nowuesspilot dann och akribesch u senger Preparatioun.
An den Dylan Pereira schéngt dat gutt ze beherrschen. Aktuell gëtt e virtuelle Championnat vun 8 Coursse am Porsche Supercup gefuer an den Dylan Pereira huet genee ewéi an der Realitéit op senger Heemstreck zu Spa gewonnen. De Weekend vum 16. Mee ginn déi lescht zwou Courssen um Parcours vu Monza gefuer. Den Dylan Pereira läit aktuell am General op der 3. Plaz. Deemno eng gutt Oflenkung vun der aktueller Kris.
D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay
Serie Sportler a Corona-Zäiten (26): De Jakob Fuglsang verbréngt seng Zäit den Ament zu Lëtzebuerg
Serie Sportler a Corona-Zäiten (25): Leandro Barreiro: Training "à huis clos" an der Bundesliga
Serie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fit
Serie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän?
Serie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn
Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank
Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D'Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher
Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D'Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament
Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA
Serie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am Gaart
Serie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d'Ekippesportler
Serie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativ
Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren Zäiten
Serie Sportler a Corona-Zäiten (10): D'Anne Simon ass zeréck aus den USA
Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d'Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinn
Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d'Situatioun beim Bundesliga-Veräin
Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil
Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet
Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d'Enn vun der Profi-Karriär?
Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach
Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien