E Sonndeg sollt eigentlech de Vëlosklassiker Léck-Baaschtnech-Léck gefuer ginn. Wéinst der Corona-Kris ass d’Doyenne awer ofgesot ginn. An de Jakob Fuglsang ka seng Victoire vum leschte Joer net widderhuelen. Den Dän wunnt eigentlech zanter längerer Zäit zu Monte-Carlo, mä ass de Moment awer zu Lëtzebuerg.
No enger impressionnanter Saison 2019 hat och dëst Joer mat 2 Etappesuccèsen an der Victoire am General bei der Ruta De Sol gutt fir de Jakob Fuglsang ugefaangen. Mä zanter Enn Februar ass de 35 Joer alen Dän keng Course méi gefuer. De Jakob Fuglsang, dee mat enger Lëtzebuergerin bestuet ass, war mat der Zäit zu Monaco sou a sengem Training ageschränkt, dass hien een Dag virum Lockdown a Frankräich op Lëtzebuerg komm ass.
“Meng Fra, mäi Meedchen, meng Schwéiermamm an ech si mam Auto op Lëtzebuerg komm. Hei huet d’Jamie e Gaart, fir ze spillen. Hat kann dobausse Vëlofueren. An och ech muss net mäi ganzen Training um Hometrainer maaachen.”
Am Moment steet just lockeren Training um Programm. Den Dän huet sech eng Beenpress bestallt, déi hien am Garage opgeriicht huet. De Jakob Fuglsang genéisst wuel Zäit mat der Famill, mä freet sech och, wéi et dëst Joer ofgesi vum Tour weidergeet.
“Dat schlëmmst ass d’Ongewëssheet. Net ze wëssen, wéini Courssen ufänken, wéini ech muss prett sinn an dann och nach déi richteg Decisiounen ze treffen.”
Positiv ass, dass de Jakob Fuglsang nach bis Enn 2021 bei Astana e Kontrakt huet. Trotzdeem muss och de Kapitän vun der Ekipp am Moment an de saueren Apel bäissen.
“Mir kréie bei Astana 30 Prozent manner Pai. Dat lo mol fir 3 Méint an da kucke mer, wéi et weidergeet. Ech hoffen awer, dass eis Sponsoren d’Kris iwwerliewen an de Vëlossport nach weider ënnerstëtzen.”
Mä och fir de Jakob Fuglsang ginn et méi wichteg Saachen ewéi de Sport. Nämlech seng Gesondheet a seng Famill. Dofir respektéiert hien d’Recommandatioune vun der Lëtzebuerger Regierung.
“Halt Iech un d’Reegelen. Et geet drëms, dass mer sou séier ewéi méiglech erëm an d’Normalitéit zeréck kënnen. Bleift doheem. Bleift gesond. An ech hoffen, mir treffen eis iergendwann op der Strooss erëm.”
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéierenSerie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän? Serie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fitSerie Sportler a Corona-Zäiten (25): Leandro Barreiro: Training “à huis clos” an der Bundesliga