An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir, wéi de Vëlosprofi mat dëser Zäit ëmgeet.

De Bob Jungels ass nom Ofschloss vu Paris-Nice keng Course méi gefuer. De Lëtzebuerger Champion ass zanter hier doheem a probéiert ewéi all aneren dat Bescht aus der aktueller Situatioun ze maachen. Nieft alldeeglechen Hausaarbechten hält sech de Profi vun Deceunink-Quick-Step mat speziellen Übunge fit. An da geet et dono meeschtens op de Vëlo. Dobäi profitéiert de Bob Jungels dovunner, dass hien am Grand-Duché dobaussen trainéieren dierf.

Vu sengem Patron gouf et nach net all ze vill Kommunikatioun. Mee déi belsch Formatioun vum Patrick Lefevère schéngt bis elo nach keng grouss finanziell Problemer ze hunn, anescht ewéi zum Beispill CCC.

Fir de Bob Jungels ass et eng komesch Situatioun, zemools well dem fréiere Sportler vum Joer säi Kontrakt vum Enn vun der Saison ausleeft, mä Enn August wëll sech de Bob Jungels beim Tour de France weisen. Dat ass dann den Héichpunkt vu sengem Joer.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay