Rekordzomm fir e moderne Formel-1-Auto
Ferrari vum Michael Schumacher versteet

© AFP/File/Fabrice COFFRINI
Zu Genève an der Schwäiz gouf e Mëttwoch de Ferrari, an deem de Michael Schumacher 2003 Formel-1-Weltmeeschter gouf, versteet.
An dat fir e Rekordpräis. Um Enn vun der Auktioun koum de Ferrari mat der geneeër Bezeechnung "F2003-GA, Chassis 229" fir ëmgerechent 13,2 Milliounen € ënnert den Hummer. Mat de Steieren an de Fraise vum Auktiounshaus muss de Keefer schlussendlech esouguer 14,9 Milliounen € bezuelen.
De Michael Schumacher war wärend der Formel-1-Saison 2003 op néng Coursë mam Auto un den Depart gaangen. Esou och beim Grousse Präis vu Japan, bei deem hie schlussendlech säi sechste Weltmeeschtertitel perfekt gemaach hat.
Am meeschte gelies