Grégoire Munster offizielle Pilot fir M-Sport

© M-Sport
Gutt Nouvellen aus dem Automobilsport. De Lëtzebuerger Grégoire Munster fiert déi nächst Saison an engem Ford Fiesta Rally2 an der WRC2.
De Grégoire Munster huet rezent fir vill Opmierksamkeet gesuergt, wéi hie beim WM-Laf a Japan iwwerraschend d'WRC2-Kategorie gewanne konnt. Dat ass souzesoen déi 2. Liga hannert de WRC-Boliden, mat deene Pilote wéi Rovanperä, Tänak, Neuville, Evans, Ogier a Loeb ëm d'Gesamtvictoirë fueren.
De Munster war dës Saison op engem Hyundai i20 N Rally2 ënnerwee, dat am belsche Rallyechampionnat, am franséische Schotterchampionnat, awer och bei diverse WM-Leef, wéi z.B. Ypres, Acropolis Rallye oder Catalunya.
Most improved driver 2022
Seng gutt Leeschtungen iwwert d'Saison sinn net onbemierkt bliwwen. Sou gouf hien z.B. nominéiert als ee vu 6 Piloten, déi an der Saison 2022 déi gréisste Progressioun gemaach hunn.
Um Site vun der WRC kënnen d'Leit ofstëmmen. Nieft dem Grégoire Munster, deen nieft der Lëtzebuerger, och déi belsch Nationalitéit huet, sinn nach nominéiert: Takamoto Katsuta, Emil Lindholm, Kalle Rovanperä, Robert Virves a Fabrizio Zaldivar.

De Grégoire Munster, hei op der Foto mat sengem Papp Bernard Munster, deen och en erfollegräiche Rallye-Pilot war. / © Ketty a Rom Hankes (2021)
2023: WRC2-Pilot fir M-Sport (Ford)
Elo um 16. Dezember koum dann nach eng weider exzellent Nouvelle. M-Sport huet seng zwee Piloten nominéiert, mat deene si an der WRC2 ëm den Titel fuere wëllen. Dat ass op der enger Säit den Adrian Fourmaux, deen dëst Joer och schonn 10 Rallyë mam Ford Puma Rally1 fir M-Sport gefuer ass. Op hie setzt M-Sport als Titelaspirant an der WRC2-Kategorie.
Als zweete Mann gouf dann dëse Freideg de Lëtzebuerger Grégoire Munster presentéiert. De Richard Millener, Teamchef vun M-Sport war begeeschtert vum jonke Munster senge Leeschtungen iwwert d'Saison gesinn a freet sech op d'Zesummenaarbecht. De Munster konnt um Rallye Monte Carlo 2022 eng 3. Plaz an der WRC2-Junior feieren an um Ypres-Rally souguer Plaz 2 an der WR2-Junior Kategorie. Den Duerchbroch koum dunn a Japan, wou en d'WRC2-Kategorie gewonnen huet, grad ewéi d'Junior-Kategorie an am Generalklassement war et eng exzellent 7. Plaz.

© M-Sport
Fir de Grégoire Munster selwer ass et eng riseg Chance fir d'Zukunft bei M-Sport kënnen als offizielle Pilot ze fueren. Net nëmmen huet en hei professionell Konditiounen, fir sech optimal op d'Rallyë kënnen ze preparéieren, ma en ass och nach an enger Struktur, aus där spéider Weltmeeschter komm sinn. Leit wéi Evans, Tänak oder Neuville koumen all vun M-Sport.
Wéi de Grégoire Munster op Nofro hi bestätegt, wäert hien dann och weiderhin op d'Déngschter vum belsche Copilot Louis Louka zeréckgräifen, mat deem hie schonn zanter 2018 zesumme fiert.

© Ketty a Rom Hankes
Et steet deemno e spannend Joer 2023 virun der Dier fir de Grégoire Munster. Als éischte WM-Laf steet de Rallye Monte Carlo um Programm, dat vum 19.-22. Januar 2023.
Bestätegte Programm
1. | Monte Carlo | 19.-22.01.2023 | Ford Fiesta Rally2 | |
2. | Schweden | 09.-12.02.2023 | Ford Fiesta Rally3 | |
3. | Kroatien | 20.-23.04.2023 | Ford Fiesta Rally2 | |
4. | Portugal | 11.-14.05.2023 | Ford Fiesta Rally2 | |
5. | Sardinien | 01.-04.06.2023 | Ford Fiesta Rally2 | |
6. | Safari - Kenia | 01.-04.06.2023 | Ford Fiesta Rally2 | |
7. | Finnland | 03.-06.08.2023 | Ford Fiesta Rally2 | |
8. | Akropolis | 07.-10.09.2023 | Ford Fiesta Rally2 |
De Schweden-Rallye fiert en op engem Ford Fiesta Rally3. Dat ass och en Allradler, awer mat manner Leeschtung a manner Aerodynamik.