Formel 1James Vowles neien Teamchef vu Williams

RTL Lëtzebuerg
De 43 Joer ale Britt huet mat dozou bäigedroen, datt Brawn G.P. a Mercedes 9 Konstrukteurs-Weltmeeschtertitelen gewanne konnten.
© Williams Racing

De Vowles, deen zanter 21 Joer an der Formel 1 ass, an elo an de leschte Jore Chef vum Strategiedepartement bei Mercedes war, gëtt domat Successeur vum Jost Capito, dee virun engem Mount säi Stull bei Williams geraumt huet.

Williams war d’lescht Saison an der Konstrukteursweltmeeschterschaft um Enn op der 10. an domat leschter Plaz.

Back to Top
CIM LOGO