Dat seet de Mike Krack, Teamchef vun der Ecurie, déi aktuell an der WM op der zweeter Plaz läit. Ma op dat sou bleift, misst sech weisen.

Virun enger Woch huet de Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen de Grousse Präis vu Monaco dominéiert. Vill Leit froe sech, ob Red Bull och dëse Weekend der Konkurrenz beim Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona keng Chance léisst oder ob awer d'Upgrades vun den Ecurien de Retard reduzéiert. Fir de Mike Krack, Teamchef vun Aston Martin, deen am Moment mat senger Ekipp an der Konstrukteursweltmeeschterschaft hannert Red Bull op der zweeter Plaz kënnt, ass awer eppes kloer:

Barcelona deckt aerodynamesch Schwächten gnodelos op. De Ranking, dee mer zu Barcelona gesinn, ass d'aerodynamesch Performance vun den Autoen. Ech denken, datt eis aerodynamesch Performance gutt ass...wéi gutt se dann ass, wäerte mer gesinn, d'Kaarte ginn nei gemëscht a mir mussen eis strecken. Ech denken, datt den Ënnerscheed zu Red Bull nach eng Kéier e bësse méi grouss gëtt, am Verglach zu Monaco. Mir mussen oppassen, den Alpine huet och e groussen Upgrade gehat zu Monaco, déi waren och e gutt Stéck méi séier wéi virdrun. Also et kann een net esou einfach soen, mir ginn den Zweeten oder Drëtten oder Véierten, et kann och sinn, datt mer eng Kéier heemkommen als Sechsten oder Siwenten, dat sinn alles Saachen, déi mer scho beschwat hunn. Déi Erfollegswell huele mer mat, mä awer och realistesch bleiwen, datt dat sech och ganz séier kann ëmkéieren.

Bei de sechs Coursse bis elo an dëser Saison stoung de Fernando Alonso um Aston Martin fënnef Mol um Podium, véier Mol op der drëtter Plaz a virun enger Woch zu Monaco op der zweeter Plaz. Geléngt dem Spuenier dëse Weekend beim 33. Grand Prix zu Barcelona säin 33. Succès an der Kinneksklass vum Automobilsport? D'Äntwert gëtt et dëse Weekend natierlech nees live bei eis um Internet op RTL.lu an op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE.