Den Hollänner kroopt sech seng éischt Pole Position zu Barcelona. Vu Plaz 2 start de Ferrari-Pilot Carlos Sainz, virum Lando Norris op McLaren.

De Max Verstappen huet de Qualifying beim Grousse Präis vu Spuenien kloer dominéiert an an iwwerzeegender Manéier seng éischt Pole Position um Circuit de Catalunya gefeiert. De Red-Bull-Pilot war knapp eng hallef Sekonn méi séier wéi de Carlos Sainz op Ferrari.

De Replay fannt Dir um RTL Play.

Eng staark Performance huet d'Ecurie McLaren ofgeliwwert.  De Lando Norris start vun der Positioun 3 an den Oscar Piastri koum och an de Q3, ass awer just déi zéngtbescht Zäit gefuer. Och fir AlphaTauri war et e gudde Qualifying. De Pierre Gasly* komplettéiert hannert dem Norris déi zweet Startrei an den Esteban Ocon gouf Siwenten. Och den Nico Hülkenberg op Haas ass eng gutt Qualifikatioun gefuer a geet als Aachten an d'Course. De Kevin Magnussen, Co-Equipier vum Nico Hülkenberg, war net esou séier ënnerwee an huet sech als 17. klasséiert.

De Fernando Alonso hat um Samschdeg no enger Sortie Problemer mat der Aerodynamik vu sengem Auto a gouf just Néngten. Säi Co-Equipier Lance Stroll start vun der sechster Positioun.

Wéinst enger Sortie op senger séierer Ronn gouf de Sergio Perez just 11. Den George Russell start direkt hannert him op Plaz 12. De Charles Leclerc op Ferrari war schonn am Q1 eliminéiert ginn a geet e Sonndeg als 19. an d'Course. Et ass déi drëtt Kéier a senger Karriär, dass de Monegass aus der leschter Startrei un den Depart geet.

*De Pierre Gasly krut nodréiglech eng Strof vu sechs Plazen, well hien de Max Verstappen op enger vu senge séiere Ronnen behënnert hat. Hie start domat vun der Plaz 10.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 AWS GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023