Mike Krack: "Ech sinn net dee Gréissten!"
Tëschent Monaco a Spuenien huet den Aston-Martin-Teamchef Mike Krack net nëmme säi Büro geplënnert, mä huet am RTL-Interview och Tëschebilan gezunn.
Fir dat ganzt Aston-Martin-Team sinn et am Moment zimmlech stresseg Wochen. Net nëmmen, dass et an der F1 elo Schlag op Schlag geet, mee um Campus zu Silverstone ass mëttlerweil den administrativen Deel vun der neier Fabrick fäerdeg. Wärend dem Monaco-Grand-Prix sinn d'Mataarbechter, dorënner och de Mike Krack, geplënnert. Mee net nëmmen dowéinst hat de Lëtzebuerger Teamchef vill ze dinn. Seng Ecurie zielt zu de groussen Iwwerraschunge vun dëser Saison. A fënnef vu sechs Coursse stoung hire Starpilot Fernando Alonso um Podium, Aston Martin läit an der Tabell op Plaz 2 hannert Red Bull Racing.
Am exklusiven RTL-Interview erkläert de Mike Krack, wéi iwwerraschend déi Erfolleger fir d’Team selwer sinn, wéi wichteg déi Succèsen fir alleguer d’Mataarbechter am Team sinn, firwat d’Resultater vum zweete Pilot Lance Stroll am Moment net esou gutt ausgesinn an op Aston Martin eng méiglech Monaco-Victoire wéinst engem Strategie-Feeler verspillt huet.

© Aston Martin Aramco Cognizant Formula One Team
Nieft dësem Tëschebilan kucke mir mam Mike Krack awer och no vir. Ass Red Bull Racing nach anzehuelen, wéi gesäit d’Entwécklungsstrategie vun Aston Martin aus, wie sinn déi gréisste Géigner fir déi Gréng? Mir wollte vum Lëtzebuerger Teamchef awer och wëssen, firwat een hien ni bei de Podiumszeremonien gesäit. Seng Erklärung: "Ech loossen déi Leit an déi éischt Rei, déi nach net de ganze Weekend virun der Kamera waren. An ech sinn och net dee Gréissten..."