Dylan Pereira um Audi R8 LMS EVO II GT3 vu 47 op 27 no vir gefuer

E Samschdeg war um Circuit Paul Ricard a Frankräich eng Manche vum GT World Challenge Europe Endurance Cup, wou et net manner wéi 6 Stonnen ze fuere gouf.
Den Dylan Pereira fiert hei zesumme mam Emilian "Kikko" Galbiati aus Italien an dem Andrey Mukovoz aus Russland, dëst op engem Audi R8 LMS EVO II vum Team Tresor Attempto Racing. Si starten am Bronze-Cup mat der Nummer 66 op der Dier.
Vun den dräi Piloten, ass de Lëtzebuerger net just vun der Lizenz-Astufung de Séiersten, ma och op der Streck.
Am Qualifying war et an hirer Klass just Plaz 14 vun 18, an am General Plaz 47. Deemno stoung eng laang Course um Programm, fir hei Punkte gutt ze maachen. Alles an allem ware 56 Teams um Depart, fir hei ëm d'Victoire ze kämpfen.

© Fanatac GT World Challenge Powered by AWS
No 6 Stonne gouf et dann awer Grond sech ze freeën. Et konnt ee vu Plaz 14 am Bronze-Cup bis op Plaz 7 no vir fueren. Am General ass et um Enn eng ganz respektabel 27. Plaz.
Déi komplett Course am Replay

© Fanatac GT World Challenge Powered by AWS
No zwou Manche steet d'Team mat der Nummer 66 elo op Plaz 10 an der Bronze-Cup-Wäertung. Den nächste Rendezvous am GT World Challenge Europe Endurance Cup ass bei de 24 Stonne vu Spa Francorchamps vum 29. Juni bis 2. Juli.
Weidere Programm
Do virdrun huet den Dylan Pereira awer nach e puer aner Rendezvousen op de Rennstrecken uechter d'Welt. Sou fiert hien ënnert anerem am Virprogramm vun de 24h vu LeMans am franséische Porsche Carrera Cup, dëst op engem 911 GT3 agesat vun Mtech Competition. Déi Course ass den 10. Juni.

© Mtech Competition
Domat awer net genuch. Nieft dem Audi R8 LMS EVO II GT3 an dem Porsche 911 Cup GT3, fiert en dann nach e weidere Modell aus der GT3-Kategorie, an dat am Kader vun der Nürburgring Langstrecken-Serie.
Elo an der Woch koum d'Meldung, dass d'Team Walkenhorst den Dylan Pereira engagéiert huet, fir op hirem BMW M4 GT3 de Recht vun der Saison an der NLS ze fueren. Hien deelt sech deen Auto mat der Nummer 35 mam Niklas Kruetten an dem Thomas Neubauer.

© Max Bermel, NRingInfo