Nächst Victoire fir de Max Verstappen
Den Hollänner huet sech zu Barcelona souverän virun den 2 Mercedes-Pilote Lewis Hamilton an George Russell duerchgesat.
Et war dem Verstappen säi fënnefte Succès an dëser Saison. Hien huet sech direkt nom Start ofgesat a konnt net méi ageholl ginn. Hannendru war et eng spannend Course mat ville Changementer op de verschiddene Plazen. Op de Podium sinn um Enn de Lewis Hamilton an den George Russell gefuer. Am General kann de Verstappen seng Avance weider ausbauen.
Nom Start gouf d'Feld duerchernee gerëselt, well sech den Hamilton an de Norris beréiert haten an de Norris doropshin huet missen an d'Box fueren. Vir an der Course huet sech de Verstappen awer virum Sainz behaapt an huet sech séier eng Avance erausgefuer.
De Russell hat awer de beschte Start. Hien ass vun der 12. op déi 7. Plaz no vir gefuer. No 7 Ronnen ass de Britt och nach laanscht den Alonso gefuer a louch deemno op der 6. Plaz. Den zweete Mercedes-Pilot Hamilton huet sech eng Ronn méi spéit laanscht de Stroll geschafft a sech op déi 3. Plaz verbessert.
An der Suite war et eng ganz animéiert Course an där et duerch déi verschidde Strategië vill Iwwerhuelmanövere gouf. An der Hallschent louch de Verstappen nach ëmmer souverän virum Hamilton, dem Sainz an dem Russell. Dem Sainz säi Ferrari war awer däitlech méi lues wéi de Mercedes an de Russell ass kuerz drop laanscht de Sainz gefuer.
Am weidere Verlaf gouf et d'Dueller ëm d'Plaz 2 tëschent dem Hamilton an dem Russell an ëm d'Plaz 4 tëschent dem Sainz an dem Perez. De Mexikaner huet et 13 Ronne viru Schluss gepackt, laanscht de Sainz ze fueren. Hie konnt sech also vun der 11. op déi 4. Plaz no vir schaffen. Op d'Plaze 6 a 7 sinn de Stroll an den Alonso op Aston Martin gefuer. Ganz vir an der Course sollt sech näischt méi änneren. De Verstappen ass virum Hamilton an dem Russell bliwwen.
Fir de Charles Leclerc war et eng enttäuschend Course. Hie war vun der 19. Positioun an d'Course gaangen a gouf um Enn just den 11..
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.