Rallye op Sardinien
Thierry Neuville steet ganz uewen um Podium

© Nikos Katikis/DPPI via AFP
Hyundai huet bei der Rallye an Italien en Doublé gefeiert. Hannert dem Thierry Neuville ass den Esapekka Lappi op déi 2. Plaz gefuer.
Drëtte gouf den aktuelle Weltmeeschter Kalle Rovanperä op Toyata.
Den Neuville hat um Enn eng Avance vun 33 Sekonnen op de Lappi. De Réckstand vum Rovanperä louch bei iwwer 1 Minutt a 55 Sekonnen. De Neuville hat och dovu profitéiert, datt de Sébastien Ogier um Samschdeg no engem Crash net méi konnt weiderfueren. Den Ogier war deen Ament a Féierung.
Am General huet de Rovanperä no 6 Coursen eng Avance vu 25 Punkten op de Neuville.
Am meeschte gelies