Duerchwuessene Weekend fir d'Lëtzebuerger zu Bauska a Lettland

© Musa Raceland
Bei der zweeter Manche vun der Autocross-EM ass et de Lëtzebuerger Piloten net gelonge sech fir déi divers Finallen ze qualifizéieren.
Buggy 1600
De Kevin Peters konnt am WarmUp mat enger 1. Plaz ufänken an iwwert de kompletten Zäittraining war et um Enn Plaz 5. Am 1. Qualifikatiounslaf war et eng zweet Plaz. Am 2. Qualifikatiounslaf ass dem Kevin Peters dunn d'Ophänkung gebrach.
Am 3. Qualifikatiounslaf goung et du vu Plaz 8 fort, vun där e sech konnt bis op Plaz 5 no vir schaffen.
Dat war keng gutt Ausgangsbasis fir d'Halleffinall, well de Kevin Peters huet hei musse vu Plaz 7 starten. En huet et dann och just gepackt, bis op Plaz 6 no vir ze fueren. Fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren, hätt et awer mussen op d'mannst eng 5. Plaz sinn. Deemno konnt de Lëtzebuerger sech net fir d'Finall qualifizéieren a verpasst d'Geleeënheet, wichteg Punkte fir d'EM ze sammelen.
Um Enn war et just Plaz 11 am Generalklassement. An der EM fält hien domat elo zeréck op Plaz 9 an huet hei elo 26 Punkten.

Fir de Kenny Reding ass et och net gutt gelaf a Lettland. Hien ass just den 22ten ënner 26 Konkurrente ginn. An der EM läit hie mat 14 Punkten op Plaz 16.

Leader an der EM ass de Fransous Damien Crépeau mat 53 Punkten no zwee Leef.
Junior Buggy - Pit Venanzi
De Pit Venanzi hat sou seng Schwieregkeete mat dem sandegen Terrain.
Am 1. Qualifikatiounslaf war et um Enn Plaz 7, am 2. Laf war et eng 5. Plaz. Am 3. Laf konnt hien duerch e gudde Start bis op Plaz 3 no vir fueren. Duerch e Fuerfeeler ass en awer op Plaz 6 zeréckgefall. Domat konnt hie sech net fir d'Finall qualifizéieren. Um Enn war et Plaz 12 ënner 13 Konkurrenten.

Am Generalklassement läit de Pit Venanzi elo op der 10. Plaz mat 25 Punkten. Leader ass hei den Tschech Arnost Florian mat 68 Punkten.
Den nächste Rendezvous an der Autocross-EM ass den 10.-11. Juni zu Vilkyciai a Litauen.