Kann d'Dominanz vum Max Verstappen gebrach ginn?

Déi Fro stelle sech am Moment op jiddwerfalls vill Supporter vun der Formel 1.
Besonnesch och déi zwou lescht Courssen op deenen zwee leschte Weekender zu Monte Carlo an zu Barcelona hu gewisen, datt de Weltmeeschter mat sengem Red Bull op engem anere Planéit ënnerwee ass wéi d'Konkurrenz. Et kéint awer lues a lues nom Grousse Präis vu Spuenien e Liichtbléck ginn, den RTL Formel 1 Commentateur Tom Hoffmann:
"Positiv awer ass, datt Mercedes phaseweis d’Zäite vu Red Bull konnt matgoen, an datt och de Russell d’Attack vum Sergio Perez konnt ofwieren, dat versprécht eigentlech fir d’Zukunft, mä mol kucken wéi et a Kanada an zwou Wochen ausgesäit, well den Update vun Mercedes schéngt awer villverspriechend ze sinn. Mä Red Bull wäert awer sécher och den Auto weider entwéckelen. Am Moment gesinn ech et awer schwiereg, datt déi Dominanz gebrach kéint ginn, éischter datt den Ecart méi kleng gëtt."
No de 7 éischte Coursse dës Saison stoung den Max Verstappen effektiv schonn 5 mol ganz uewen um Podium. Déi aner zwou Kéieren war et deen anere Red Bull Pilot Sergio Perez. E Sonndeg zu Barcelona koumen awer emol nees eng Kéier déi zwee Mercedes-Piloten Lewis Hamilton an George Russell op de Plazen zwee an dräi. Deen nächste Grand Prix bei deem d'Konkurrenz vum Verstappen et besser ka maachen, ass an zwou Wochen zu Montreal a Kanada.