Et gouf eng ganz Partie Iwwerhuelmanöver an déi ganzen Zäit houngen däischter Wolleken iwwert der Course.

Ma eng weider Kéier weist de Francesco Bagnaia am Qualifying an dem Sprint eng weltmeeschterlech Virstellung. Wéi scho beim 1.000 Grand-Prix zu Le Mans war et am Qualifying nees een ëmstriddene Duell tëscht dem alen an neie Weltmeeschter Marc Marquez am Francesco Bagnaia. D'aktuell Nummer 1 hëlt mat Ronnerekord nees d'Pole an de Marquez a sengem Wandschied déi zweet Platz. Als séierste vum 1. Qualifying fiert säi Brudder Alex an der leschter Ronn déi drëttséierst Zäit, muss wéinst enger geféierlecher Aktioun an der éischter Ronn zu Le Mans ee Sonndeg awer vu der 6 starten.

An der éischter Ronn vum Sprint fält den Alex Marquez du no Beréierung duerch de Brad Binder. Mat éischten Drëpse rutscht d'Feld zesummen an et gëtt wëll iwwerholl. Et bleift awer gréisstendeels dréchen. An der zweeter Hallschent setzt sech de Francesco Bagnaia un d'Spëtzt a gewënnt säin drëtte Sprint, stoung a fënnef vu sechs um Podium. Op dee klëmmt och säi Verfolger an der WM Marco Bezzecchi an de Jorge Martin ganz knapps viru sengem Teamkolleeg Johan Zarco an der fënnefter Ducati vum Luca Marini.

Qualifying vu der Moto2

Bei engem weidere schlechte Qualifying vum WM-Leader an der Moto2 Tony Arbolino als 10. huet sech de Pedro Acosta mam Aron Canet ëm d’Pole gestridden, bis datt de Canet an der 3. Kéier gefall ass. Et ass net sécher, dat hien e Sonndeg vu senger éischter Pole an dëser Saison ka starten. No engem schlechte Saisonsoptakt an enger schwiereger Saison 2022 steet de Britt Sam Lowes mat dréi Dausendstel Réckstand fir drëtt hannerteneen an der éischter Rei.

Qualifying vu der Moto3

An der Moto3 leien d'Fuerer enorm no beieneen. Eigentlech, wëll den Deniz Öncü huet nom fräien Training och de Qualifying dominéiert. Ganz no um Ronnerekord läit hien iwwert eng hallef Sekonn virum Zweeten Ayumu Sasaki. U sech war de Joel Kelso awer bëssi méi séier. No der Beschtzäit am 1. Qualifying gouf hien Zweeten am 2., ma wëll hien am fräien Training op der Ideallinn gehënnert huet, muss hie wéi den Diogo Moreira (4.) a fënnef weider Pilote vun hanne starte plus eng long lap penalty fueren. Esou rutscht de WM-Féierenden Daniel Holgado vu der 5. Platz an déi éischt Startrei.

D'Resultat vum Sprint

1. Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 19’41.183
2. Marco Bezzecchi Mooney VR46 Ducati +0.369
3. Jorge Martin Prima Pramac Ducati +0.952
4. Johan Zarco Prima Pramac Ducati +1.009
5.Luca Marini Mooney VR46 Ducati + 3.668

De Qualifying

MotoGP

1. Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 1’44.855
2. Marc Marquez Repsol Honda +0.078
3. Alex Marquez Gresini Ducati +0.152
4.Luca Marini VR46 Ducati
5. Jack Miller Red Bull KTM +0.331
6. Jorge Martin Prima Pramac Ducati +0.413

Moto2

1. Aron Canet Pons Wegwow 1’50.796
2. Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo +0.159
3. Sam Lowes Elf Marc VDS +0.162

Moto3

1. Deniz Öncü Red Bull KTM Ajo 01’56.020
2. Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna +0.591
3. Daniel Holgado Red Bull KTM Tech3 +0.780