Perfekte Weekend fir de Francesco Bagnaia

© AFP
Zu Mugello huet den Italiener sech virum Jorge Martin an dem Johann Zarco duerchgesat. An der Moto2 wënnt de Pedro Acosta, an der Moto3 den Daniel Holgado.
De Francesco Bagnaia huet an der MotoGP a perfekte Weekend hannert sech. Nieft der Pole Position, der Victoire am Sprint an der séierster Ronn konnt den Italiener sech och am Grand Prix op sengem Ducati behaapten. Déi zweet Plaz ass un de Jorge Martin vu Pramac gaangen, Drëtten ass säin Teamkolleeg Johann Zarco gaangen. De Marc Marquez war kuerz viru Schluss gerutscht, vum Circuit ofkomm an huet et dowéinst net op de Podium gepackt. Am General steet de Francesco Bagnaia elo 21 Punkte virum Marco Bezzecchi.
An der Moto2 gouf et eng spuenesch Victoire vum Pedro Acosta, deen domat am General e puer Punkten op säi Konkurrent Tony Arbolino gutt mécht. Den Italiener ass zu Mugello op déi zweete Plaz komm a bleift domat weider Leader. Déi drëtt Plaz war fir den Jake Dixon.
An der Moto3 huet sech den Daniel Holgado déi drëtt Victoire vun der Saison geséchert. De spuenesche KTM-Pilot war mat engem knappe Virsrpong vun 0.051 Sekonnen virum Deniz Öncü iwwert d'Arrivée gefuer. Den Ayumu Sasaki huet de Podium mat engem Ecart vun 0.056 Sekonnen op der drëtter Plaz komplettéiert. Am Generalklassement baut den Daniel Holgado säi Virsprong op elo 35 Punkte virum Jaume Masia weider aus.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia 41:16.863
2 J. Martin 41:17.930
3 J. Zarco 41:18.840
4 L. Marini 41:21.488
5 B. Binder 41:25.788
6 A. Espargaro 41:27.771
7 J. Miller 41:27.862
8 M. Bezzecchi 41:29.517
9 E. Bastianini 41:33.965
10 F. Morbidelli 41:34.473
Moto2
1 P. Acosta 35:38.328
2 T. Arbolino 35:44.522
3 J. Dixon 35:46.910
4 A. Canet 35:47.175
5 C. Vietti 35:47.862
6 A. Lopez 35:49.180
7 F. Salac 35:52.322
8 M. Gonzalez 35:54.499
9 S. Chantra 35:56.336
10 S. Garcia 35:56.349
Moto3
1 D. Holgado 33:27.315 17
2 D. Öncü 33:27.366 0.051 17
3 A. Sasaki 33:27.371
4 D. Alonso 33:27.487
5 J. Masia 33:27.802
6 C. Veijer 33:40.636
7 D. Moreira 33:40.647
8 R. Rossi 33:40.675
9 S. Nepa 33:40.744
10 K. Toba 33:40.775
De General
MotoGP
1. Francesco Bagnaia 131
2. Marco Bezzecchi 110
3. Jorge Martin 107
4. Brad Binder 92
5. Johann Zarco 88
6. Luca Marini 72
7. Jack Miller 62
8. Fabio Quartararo 54
9. Aleix Espargaro 54
10. Maverick Vinales 53
Moto2
1. Tony Arbolino 119
2. Pedro Acosta 99
3. Alonso Lopez 71
4. Filip Salac 69
5. Aron Canet 65
6. Jake Dixon 63
7. Somkiat Chantra 46
8. Sam Lowes 44
9. Celestino Vietti 39
10. Manuel Gonzalez 34
Moto3
1. Daniel Holgado 109
2. Jaume Masia 74
3. Ivan Ortola 68
4. Diogo Moreira 64
5. Ayumu Sasaki 59
6. Deniz Öncü 53
7. David Alonso 51
8. Xavier Artigas 50
9. Jose Antonio Rueda 39
10. Tatsuki Suzuki 38