Iwwerdeems konnte sech Inter Europol Competition an der LMP2-Kategorie a Corvette Racing an der GTE-Am-Kategorie d'Victoire sécheren.

E Samschdeg um 16.00 Auer war déi legendär Course vu Le Mans un den Depart gaangen, dat 100 Joer no der éischter Editioun.

No 24 Stonnen konnt sech hei an der Hypercar-Kategorie d'Ekipp vu Ferrari mam Alessandro Pier Guidi, James Calado an dem Antonio Giovinazzi am Ferrari 499P duerchsetzen. Op déi zweete Plaz sinn de Buemi, Hartley an Hirakawa am Toyota komm an de Podium huet d'Ekipp vu Cadillac mam Bamber, Lynn a Westbrook komplettéiert.

An der Kategorie LMP2 gouf et eng Victoire fir déi polnesch Ekipp Inter Europol Competition mam Jakub Smiechowski, Anotnio da Costa an dem Fabio Scherer. Zweeten an Drëtte sinn d'Ekippe vu WRT an Duqueine ginn.

An der Kategorie GTE Am konnte sech den Nick Catsburg, Ben Keating an den Nicolas Varrone d'Victoire fir déi US-amerikanesch Ekipp Corvette behaapten. Op de Podium hunn et hei ORT by TF a GR Racing gepackt.