Jorge Martin weltmeeschterlech

Um Sachsering hunn eng Partie däischter Wolleken ëmmer nees fir Duercherneen an och eng Partie Chutë gesuergt.
Schonns am fräien Training hat den 9-fache Weltmeeschter Marc Marquez an der éischter Kéier eng wëll Chute. Am Qualifying ass hien direkt dräi Mol gefall. Trotz naasse Plazen a giele Fändele séchert sech den amtéierenden Weltmeeschter Francesco Bagnaia seng drëtt Pole hannerteneen.
Un der Spëtzt gouf an den éischte Ronnen haart gekämpft a vill iwwerholl. Grad tëscht dem Jack Miller a Francesco Bagnaia gouf et ee wëllt Duell. Ma et ass de jonken Jorge Martin, deen no véier Ronnen ganz staark banne laanscht déi Zwee bremst a sech direkt duerno ofsetze kann.
Um Enn gewënnt de 25 Joer ale Motorradfuerer souverän säi 2. Sprint.
Qualifying vu der Moto2
Bei schwierege Bedingungen hat de WM-Leader an der Moto2 Tony Arbolino fréi eng éischt Beschtzäit gesat. Ma säi grousse Rival Pedro Acosta huet sech ausgerechent um vum Arbolino sengem Teamkolleeg Sam Lowes zur neier Beschtzäit zéie gelooss.
Qualifying vu der Moto3
Dës Kéier ass et den Ayumu Sasaki, deen an der Moto3 den Training a Qualifying dominéiert huet. Um Enn läit hie mat iwwert enger Sekonn Virsprong an neiem Streckerekord déi éischt Plaz virum Polesetter vu Mugello Deniz Öncü.
D'Resultat vum Sprint
1 Jorge Martin Prima Pramac Ducati 20’21.871
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +2.468
3 Jack Miller Red Bull KTM +3.287
4 Luca Marini Mooney VR46 Ducati + 5.487
5 Johan Zarco Prima Pramac Ducati +5.538
De Qualifying MotoGP
1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 1’21.409
2 Luca Marini VR46 Ducati +0.078
3 Jack Miller Red Bull KTM +0.083
4 Johan Zarco Prima Pramac Ducati +0.356
5 Marco Bezzecchi Mooney VR46 Ducati +0.527
6 Jorge Martin Prima Pramac Ducati +0.586
Moto2
1 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo 1’23.858
2 Tony Arbolino Elf Marc VDS +0.269
3 Jake Dixon Polar Cube GasGas +0.300
Moto3
1 Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna 01’25.130
2 Deniz Öncü Red Bull KTM Ajo +1.092
3 Ivan Ortola Angeluss MTA +1.155