Jorge Martin gewënnt am Foto-Finish virum Francesco Bagnaia

© AFP
Fir de Jorge Martin ass et no Spielberg 2021 déi 2. Victoire an der MotoGP. Op déi 3. Plaz fiert den Johann Zarco.
De 25 Joer ale Jorge Martin huet no 3 Ronnen d'Féierung iwwerholl. Laang huet et dono ausgesi wéi wann de Spuenier sech kéint vum Francesco Bagnaia ofsetzen. No ronn 15 Ronne sollt den „Pecco“ den Drock op de Jorge Martin awer erhéischen. Béid Fuerer hu sech e spannenden Zweekampf geliwwert. 9 Ronne viru Schluss huet de Weltmeeschter Bagnaia sech dunn de Martin gekroopt, an huet d'Féierung an der Course iwwerholl. Nëmmen 3 Ronne méi spéit huet de Martin de Bagnaia awer nees konnten iwwerhuelen an dëst Kéier sollt sech de Spuenier d'Féierung och ne méi aus den Hänn huele loossen. Hien gewënnt de GP um Sachsenring am Foto-Finish virum Francesco Bagnaia.
Hannendrun hu sech de Brad Binder, Johann Zarcoa an de Marco Bezzecchi em déi drëtte Plaz duelléiert. No 19 Ronnen ass de Brad Binder dunn zu Fall komm an huet d'Course missen opginn. Um Enn ka sech de Fransous Johann Zarcoa virum Marco Bezzecchi déi 3. Plaz sécheren. Op deenen éischten 9 Plaze si ganzer 8 Ducati-Fuerer ze fannen.
De Marc Marquez huet am Virfeld vun der Course um Sachsenring an Däitschland matgedeelt, dass hien op de Start vum GP géif verzichten. No engem Crash am Warm-Up, géif de Spuenier sech eegenen Aussoen no net bereet villen, un de Start ze goen.
An der Moto2 huet den Ajo-Pilot Pedro Acosta seng 4. Course an dëser Saison gewonnen. Op déi 2. Plaz fiert den Tony Arbolino an déi drëtte Plaz um Podium ass fir de Jake Dixon.
Den Türk Deniz Öncü gewënnt an der Moto3 ganz knapp virum Japaner Ayumu Sasaki. Den aktuell 1. am General, de Spuenier Daniel Holgado, fiert mat 12 Sekonne Réckstand op déi 3. Plaz a baut säi Virsprong am General domat op 41 Punkten op de Jaume Masia aus.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. Jorge Martin, Ducati, 40'52.4490
2. Francesco Bagnaia, Ducati, +0.064
3. Johann Zarcoa, Ducati, + 7.013
Moto2
1. Pedro Acosta, Kalex, 35'15.3150
2. Tony Arbolino, Kalex, +2.730
3. Jake Dixon, Kalex, +2.825
Moto3
1. Deniz Öncü, KTM, 33'10.5310
2. Ayumu Sasaki, Husqvarna, +0.095
3. Daniel Holgado, KTM, +12.074
De General
MotoGP
1. Francesco Bagnaia 160
2. Jorge Martin 144
3. Marco Bezzecchi 126
Moto2
1. Tony Arbolino 139
2. Pedro Acosta 124
3. Alonso Lopez 82
Moto3
1. Daniel Holgado 125
2. Jaume Masia 84
3. Ivan Ortola 81