Gil Linster verpasst de Podium zweemol ganz knapp

© Nina Weinbrenner
Dëse Weekend war déi 3. a 4. Manche vun der Nascar Whelen Euro Series um brittesche Circuit zu Brands Hatch.
Op dem knapp zwee Kilometer laangen Indy-Circuit war de frësch gebakene Karting-Champion Gil Linster mat vun der Partie. Op sengem Toyota Camry V8 mat der Nummer 50 vum Hendriks Motorsport Team huet de Lëtzebuerger schonn am éischte fräien Training op sech opmierksam gemaach. War et do nach déi 3. Plaz mat 0,187 Sekonne Réckstand op déi séierst Zäit, esou koum am "Free Practice 2" eng 4. Plaz eraus mat 0,250 Sekonnen op de Séiersten. Um Samschden dunn am Qualifying war de Fréisenger gutt ënnerwee an ass ëmmer méi séier gin. Hie louch zäitweis op der zweeter Plaz, bis de Fransous Paul Jouffreau #3 onerwaart an der leschter Kéier viru Start an Zil lues gemaach huet, dëst op der Ideallinn, sou datt eng Kollisioun net ze verhënnere war. De Camry #50 huet mussen direkt an d'Box fueren, well de Capot opgaangen ass an net nëmmen d'Siicht beanträchtegt huet, mee och d'Killung vum Motor ënnerbrach gouf. No der Reparatur waren nach just zwou Minutten ze fueren an eng besser Plaz wéi déi 6. war net méi méiglech.
Déi éischt Course gouf mat vill Spannung erwaart an de Lëtzebuerger huet et och direkt nom Start fléie gelooss. No zwou Ronne louch hie schonn op der 4. Plaz an an der 9. Ronn huet hie sech den Tschech Martin Doubek, och vum Hendricks Motorsport Team, gekroopt a war domat den Drëtten. Bis déi 22. Ronn huet de Lëtzebuerger Drock op den Zweeten Alberto Naskar #54 gemaach a warscheinlech seng Pneuen domat ze vill ofgenotzt, well de Martin Doubek #7 huet en Iwwerraschungsugrëff probéiert a sech déi 3. Plaz zréckgeholl. No engem Accrochage gouf et duerno eng "Full Course Yellow"-Phase an domat gouf et eng 4. Plaz fir den Auto mat der Nummer 50.
E Sonnden da gouf d'Course ënner liichtem Reen gestart an de Lëtzebuerger ass, wéinst senger fënneftséierster Ronn vum Samschden op der Plaz 5 gestart. Wéinst de schwierege Wieder-Konditiounen huet hie keng grouss Risike geholl an ass no puer Ronnen op déi 6. Plaz zréckgefall a virleefeg do bliwwen. Vun der 15. Ronn u gouf et e Kampf fir déi 3. Plaz tëscht véier Autoen #54, #7, 69 an de Camry #50 an deen huet effektiv gedauert bis déi 31. an domat lescht Ronn, déi de Fréisenger genotzt huet a sech op der 5. Plaz iwwer d'Arrivée gerett huet. No der Course ass nach eng 4. Plaz erauskomm, well den Hollänner de Groot #69 eng 30 Sekonne-Strof krut. Also nees eng Kéier wichteg Punkten an der Meeschterschaft fir d'Team Hendriks Motorsport. De Gil Lnster läit am Moment op der 4. Plaz am Championnat. Déi 5. a 6. Manche ass den 8. an 9. Juli am italieenesche Vallelunga.